Assemblée générale du 8 mars 2010
Dir Dammen an Dir Hären,
Léif Kolleginnen a Kollegen,
Ech soen Iech merci, dass dir Iech haut den Owend Zäit geholl hutt, fir an d’Generalversammlung vun der AGC ze kommen. Ech muss leider feststellen datt et och an dëser méi kriddeleger Zäit net einfach ass fir vill Memberen an eng Generalversammlung ze kréien.
Dëst Joer hu mir keng Politiker invitéiert. D’lescht Joer war e Waljoer an awer waren nëmmen 2 Deputéierte komm. Wien intresséiert sech och scho fir Redaktere beim Stat.
Da wëll ech awer wéi all Joer eis trei Grënnungsmembere déi Häre Maurice Schmitz, Pierre Trausch a Clement Engelman begréissen. Et war 1975, wéi si zesumme mat anere motivéierte Kollegen zwou Gewerkschafte vu Redaktere beim Stat fusionnéiert hunn, ënner dem Numm AGC (Association générale des cadres).
Leider huet awer am vergaangene Joer ee vun eise Grënnungsmemberen eis fir ëmmer verlooss an zwar den Här René Molling. Mir wäerten hien a gudder Erënnerung behalen.
Begréisse wëll ech awer och eise fréiere President de Michel Schmitz an all aner Ancienën a fréier Memberen aus dem Bureau exécutif an aus dem Comité vun der AGC.
Desweidere begréissen ech den Här Romain Wolff, Generalsekretär vun der CGFP, den Här Georges Muller, Direkter vun der Chambre des fonctionnaires an säi Mataarbechter den Här Marc Poos. Hinne soe mir Merci fir hir Hëllef bei alle méigleche Problemer déi sech am Laf vum Joer stellen.
Déi lescht Generalversammlung hate mir op dëser Plaz den 19. Mäerz 2009.
Dir kënnt iech erënneren, dat war d’GV wou deen aktuelle Comité gewielt ginn ass, e Comité deen duerno deen aktuelle Bureau exécutif gewielt huet. Ech kann iech soen, et war net einfach fir e Bureau exécutif vun enger AGC ze motivéiere weiderzemaache, wann d’Carrière esou behandelt gëtt wéi dat fir d’Carrière vum Redakter de Moment de Fall ass. An trotz deeër Situatioun oder grad wéinst deeër batterer Realitéit hu mir eng gutt Entente an eisem Bureau exécutif an och an eisem Comité.
Dat hei wäert dann och déi lescht GV sinn, wou d’Carrière vum Redakter nach op der zweeter Plaz an der Verwaltungshierarchie steet. Well dëst Joer kréie mir eng nei Bachelor-Carrière virun d’Nues gesat an da komme mir an déi drëtt Rei. Fir d’AGC ass dat e flagrante Refus vun eiser Fuederung. Der AGC hir Fuederung ass datt an Zukunft d’Redakteren om Niveau Bachelor solle rekrutéiert ginn, aplaz eng ganz nei Carrière ze schafen.
Duerch d’Chamber- an Europawale vum leschte Joer ass déi politesch Aktivitéit fir kuerz Zäit un d’Hale komm. An duerno ass et mat enger neier Regierung mat gläich zwéi Ministere fir d’Fonction publique a mat engem neie Regierungsprogramm weidergaangen. Eise Generalsekretär kënnt herno an sengem Rapport d’activité am Détail op dat vergaangent Joer zréck.
Virun de Wale vum Juni 2009 war awer nach en anere wichtege R-V fir d’Gewerkschaften an zwar déi grouss Manifestatioun géint Sozialofbau vum 16. Mee, organiséiert vu 7 Gewerkschaften. Eng dovun war natierlech d’CGFP mat hiren Ënnerorganisatiounen, also och der AGC. D’Participatioun war gutt, et hunn der awer nach e puer gefeelt …
Ob esou eng Manif sech dëst Joer widderhëllt dat entscheed sech mat der Tripartite déi jo elo de 17. Mäerz ufänkt.
Méi schlëmm wéi Tripartite wäert awer de Pak vu Moossname ginn déi d’Regierung amgaang ass fir oder besser gesot géint d’Fonction publique auszebréien. Een Deel dovun betrëfft ganz sécher och eis Carrière an da kucke mir emol ob mat der AGC geschwat gëtt, déi eenzeg Gewerkschaft vun der Carrière vum Redakter. Mir wëlle mat um Dësch sëtze wann iwwer d’Zukunft vun eiser Carrière geschwat gëtt. Da kucke mir emol ob et eng Regierung vum Dialog ass oder eng mat Hummer a Briecheisen. Sollt dat esou goen dann ass eemol méi de Litige fälleg. Et ass jo net fir d’éischt datt d’AGC an d’Conciliatioun geet.
Egal wéi et geet, an der Tripartite oder bei der Gehälterrevisioun - dës Kéier däerfen d’Gewerkschaften sech net plattklappe loossen, fir engem Sozialofbau zouzestëmmen a Verschlechterungen ze accepetéieren, dat muss d’Regierung schonn op hir Kap huelen.
D’Regierung huet jo Alliéierter genuch op der Patronatssäit awer och an der Zentralbank an esouguer am Statsrot. Hir Avisën zum Budget 2010 schwätzen eng kloer Sprooch déi eis als Beamten awer net gefällt, well mir jo d’Finanz- a Wirtschaftskris net verschëllt hunn.
De Moment hällt d’Regierung sech nach bedeckt, mä wann ee weess datt de Finanzminister vu gréissere Schrëtt geschwat huet déi nach am éischten Hallefjoer 2010 wäerte gemaach ginn, da weess een a wéi eng Richtung et geet.
Vum Patronat brauche mir keng Lektiounen ze kréien. Déi solle bei sech kucken, datt do alles ronn dréit. Am schlëmmsten ass et beim Handwierk an dat läit net un den Ufanksgehälter beim Stat. Och beim Commerce ass et net weit hir mat der Effikacitéit. E Beispill: den E-commerce. Dovun hunn d’Cheftagen zu Lëtzebuerg nach ni eppes héieren. Et ass net normal dass d’Konsumenten hei am Land bei deenen éischte si fir iwwer Internet ze kafen, awer eis dichteg Geschäftsleit si bei deene leschte fir iwwer de Wee vum Internet ze verkafen. Datt si op déi Manéier Millioune vu Konsumente kënnten erreechen dat ass hinnen nach net agefall. An dat sinn déi Leit déi fannen, datt eis Paien ze héich sinn…
Domat kommen ech zum Statut vum Staatsbeamten.
Et gëtt de Moment eng generell Tendenz am Land mat alle Mëttele laanscht dee Statut ze agéieren. Ass et net schlëmm datt bei der Post d’Bréifdréier duerch Interimsleit ersat ginn. Mä et ginn nach aner Beispiller wou no an no alles ausgehiewelt gëtt wat sech jorzéngtelaang bewäert huet. D’Regierung mengt domat de Käschtepunkt vum Service public erofzedrécken.
E Beispill: d’Ouverture vun der Fonction publique fir EU-Bierger.
Hei gouf et jo en Accord - ënner Konditiounen - tëschent der CGFP an der Regierung. Kaum war d’Gesetz am Dezember 2009 gestëmmt an d’Konditioun vun den 3 administrative Sprooche festgeschriwwen, do huet de Ministère vun der Fonction publique schonn e Bréif un all staatlech Verwaltungen a Servicer geschéckt fir ze froen, op wéi enge Plazen ee kënnt eng administrativ Sprooch ewechloossen. Ass dat dann elo awer d’Enn vun der Dräisproochekeet an eise Verwaltungen ?
Erstaunlech ass och nach, datt d’Reglementer zu deem Gesetz nach net publizéiert sinn…
En anert Beipill: de Rekrutement vu 15 Employé(e)s D fir d’Aarbechtsamt.
Employé D dat ass jo bekanntlech den aktuellen Niveau de formation vun de Redakteren. Als Placeure ginn also keng Fonctionnairen agstallt, mä Employéën, am léifsten aus de Privatsekteur, wéi se soen. Wéi wann dat déi besser Placeure wieren. Wéi wann doduerch de Chômage géing erofgoen. Méi naiv geet et net. Et gi keng fäerdeg forméiert Placeuren. Virwat net Fonctionnairen astellen, hinnen an der ADEM eng speziell Formatioun ginn als Préparatioun fir den Ustellungsexamen an duerno de Promotiounsexamen.
De Statut vum Staatsbeamte an domat déi sécher Staatsplaz ginn och ëmmer nees vu verschiddene Kreesser an d’Gespréich bruecht. An Zäite vun héijem Chômage kommen natierlech esou Iwwerleeungen gutt un. Mä ëm wat geet et ? Ech hunn et schonn d’lescht Joer hei gesot an et kann een et net genuch widderhuelen. Hei geet et net ëm dem Beamten seng sécher Plaz. Et geet ëm d’Fondament vun der Demokratie. De Staatsbeamten huet keen Emploi mä eng Fonctioun. De Statut erlabt dem Beamte quasi 40 Joer laang a kompletter Onofhängegkeet, mat Objektivitéit an Impartialitéit d’Gesetz ze applizéieren. Dat ass enorm wichteg well de Beamten däerf bei der Applikatioun vum Gesetz, kenge Pressiounen vun egal wéi enger Säit ausgesat sinn ! Dat sollen sech emol all déi Leit mierken déi liichtfankeg de Beamten hir sécher Plaz uprangeren. Wann de Statut fällt da kréie mir eng Verpolitiséierung vun der Fonction publique, wou d’Décisiounen sech no der Parteikaart riichten.
An dësem Zesummenhang kann d’CGFP op eis honnertprozenteg Ënnerstëtzung zielen.
Datselwecht gëllt fir dat ugekënnegt Erofsetze vun den Ufanksgehälter - an alle Carrièren ! An hei erlaben ech mir eng pickeg Bezeechnung opzegräifen, déi e satirescht Wocheblat méi wéi eemol fir d’Membere vun der CGFP gebraucht huet. An deem Blat sinn d’CGFP-Membere, sécher net ouni Uersaach, als « Moschusochsen » (Ovibos moschatus) bezeechent ginn. Ech hunn dat emol nogekuckt a si bei de Verhalensweise vun deenen Déieren op ganz Intressantes gestouss. Déi wëssen sech ze wiere, wann hir Häerd ugegraff gëtt z. B. vun de Wëllef. Si maachen e Krees, déi staark no baussen an déi schwaach an déi kleng an d’Mëtt. Dat ass also d’Devise wann et z.B. ëm d’Ufanksgehälter geet.
Mir mussen eis also mat aller Kraaft wieren an do sinn d’Wale fir d’CHFEP en gutt Geleeënheet. Do mussen d’Lëschte vun der CGFP gewielt ginn fir déi Stäerkt ze halen déi d’CGFP haut huet. Déi Wale si vum 20. bis 30. Mäerz. D’Kandidate vun der AGC fannt dir op der Lëscht AGC/CGFP Nr 1 an ech maachen en waarmen Appel un iech eis Kandidaten ze ënnerstëtzen.
D’CHFEP ass eng wichteg Ariichtung déi nieft Assistance juridique an Hëllefsbereetschaft, besonnesch duerch hir Avisën um législative Plang aktiv ass. All 5 Joer ginn d’Vertrieder vun der Beamtechamber nei gewielt. Bei der AGC-Lëscht geet et praktesch drëm fir vun 10 Kandidate 5 effektif Vertrieder vun der Carrière moyenne an eis Chambre professionnelle ze wielen.
Mä a Wierklechkeet geet et bei deene Walen ëm déi national Représentativitéit vun der CGFP. Well dorop kucken d’Politiker ganz genee, z.B. wann et drëm geet en neien Accord salarial auszehandelen - wéi dat dëst Joer nees de Fall wäert sinn. Oder wann et drëm geet an der Tripartite opzetriede fir de Sozialofbau ze verhënneren. Hei ass also d’Solidaritéit vun alle Beamte verlaangt…
Mir musse wëssen, datt et eis bis elo net schlecht ergaangen ass mat der CGFP. A wann déi Rumeure stëmmen déi soen datt am Ministère vun der Fonction publique u Verschlechterunge beim Statut geschafft gëtt, z.B. bei de Carrièren a bei der Rémunératioun, dann ass dat Grond genuch fir d’CGFP ze stäerken, eng Gewerkschaft déi an deene leschten 100 Joer ganz vill fir d’Staatsbeamte gemaach huet.
Wat déi jonk Beamte betrëfft sou wëll ech dësen Appel un iech riichten: schwätz w.e.g. mat deene jonke Beamten. Sot hinnen, datt näischt selbstverständlech ass, dass et virun hinne Leit gi sinn déi sech jorelaang agesat hunn fir déi materiell Konditioune vun de Beamten ze verbesseren. E klengen historeschen Exkurs kann do näischt schueden. Wat waren d’Staatsbeamten da virun 1963, mat hiren aarmséilege Paien am Verglach mat dem Privatsecteur. Et kann een net genuch dorop hiweisen an Zäite wou eng Regierung ukënnegt d’Ufanksgehälter an alle Carrièren erofzesetzen.
Also w.e.g. schwätzt mat äre jonken a manner jonke Mataarbechter, datt se onbedéngt solle wielen, an zwar d’Lëschte vun der CGFP.
A wann dir mat deene jonke Redaktere schwätzt da frot se och ob se Member vun der AGC sinn. Wann net - agc.lu - bulletin d’adhésion ! Mir hate schonn emol eng „Action de recrutement“ gestart, mä d’Altersmoyenne vun eise Memberen ass nach vill ze héich.
Fir richteg ze wielen ass et am einfachsten d’Lëscht vun der AGC ze schwäerzen oder unzekräizen !
Déijéineg déi d’Lëscht net schwäerze wëllen, sollen awer onbedéngt allen 10 Stëmme verdeelen.
Also d’Lëscht 1 wielen, d’Lëscht vun der AGC !
Domat sinn ech um Enn vu menger Allocutioun ukomm.
Ech soen Iech merci.