Assemblée générale ordinaire du 19 mars 2009

Dir Dammen an Dir Hären,
Léif Kolleginnen a Kollegen,

Ech soen Iech merci, dass dir Iech haut den Owend Zäit geholl hutt, fir an d’Generalversammlung vun der AGC ze kommen. Ech si besonnesch frou, datt dëst Joer nees eng Kéier vill Memberen hei sinn, well an eiser hektescher Zäit ass et net einfach fir vill Memberen an eng Generalversammlung ze kréien.

Dëst Joer hu mir emol rem eng kéier Politiker invitéiert. Den Echo war zwar net grouss an dofir si mir frou hei begréissen ze kënnen:

Den Här Gilles Roth an den Här Fernand Diederich

Entschëllegt hunn sech d’Mme Dall’Agnol an d’Mme Flesch, den Här Bettel, den Här Klein an den Här Mosar.

Da wëll ech awer och wéi all Joer eis Grënnungsmembere déi Häre Maurice Schmitz, Pierre Trausch a Clement Engelman begréissen. Et war 1975, wéi si zesumme mat anere motivéierte Kollegen zwou Gewerkschafte vu Redaktere beim Stat fusionnéiert hunn, ënner dem Numm AGC (Association générale des cadres).

Begréisse wëll ech awer och eise fréiere President de Michel Schmitz an all aner Ancienën a fréier Memberen aus dem Bureau exécutif an aus dem Comité vun der AGC.

Desweidere begréissen ech den Här Romain Wolff, Generalsekretär vun der CGFP,
den Här Georges Muller, Direkter vun der Chambre des fonctionnaires an säi Mataarbechter den Här Marc Poos. Si maachen am Laf vum Joer vill a gutt Aarbecht fir d’Staatsbeamten.


Déi lescht Generalversammlung hate mir op dëser Plaz den 18. Mäerz 2008.

D’Joer 2008 war fir de Bureau exécutif an de Comité vun der AGC eemol méi ganz mouvementéiert, mä ech soen iech et direkt d’Resultat ass moer a kann eis net zefridde stellen.

Wat an deene leschten 12 Méint alles lass war seet iech eise Generalsekretär an sengem ganz détailléierte Rapport d’activité. Ech wëll just am Résumé op e puer méi generell Saachen agoen.

Als AGC, Ënnerorganisatioun vun der CGFP, hale mir de Service public ganz héich. No der Finanz- a Wirtschaftskris hunn elo och déi gréisste Globaliséierer, Déréguléierer a Liberaliséierer gemierkt, datt se om Holzwee sinn. Leider huet d’Kommissioun zu Bréissel dat nach net matkritt, well soss hätten se déi Direktiven emol op Äis geluecht déi alles privatiséiere wëlle, wat am Secteur public lukrativ ass, wéi z.B. d’Post, de Stroum, d’Waasser an déi rentabel Deeler vun der Eisebunn.

An deem dichtege Privatsecteur ruffen iwwerdriwwen héich bezuelte Manager no der Hëllef vum Stat, well se hir Betrieber an en totale finanzielle Chaos manoeuvréiert hunn. Wann et hinne gutt geet kennen déi Leit do keng Solidaritéit, mä elo sinn si déi éischt déi no der Solidaritéit vun eis all ruffen. An duerfir heescht et fir eis Beamten ganz genee opzepasse wat an deene kommende Jore geschitt. Mir Beamte géife jo ni eist Geld bei engem amerikanesche Schwammmeeschter placéieren, mä um Enn wäerten och mir wuel hëllefen all déi Dommheeten do ze bezuelen.

Virun de Walen ass eng Tripartite en harmlose Kaffiskränzchen, mä no de Wale riskéiert se eng geféierlech Dynamik ze entwéckelen a wann et ëm d’Geld geet, gëtt et gär Sträit.

D’Stéchwieder si scho gefall: den Index, d’Ufangsgehälter, de Statut vun de Statsbeamten, déi sécher Statsplaz, d’Rentemauer asw.

Et ass déi al Litanei déi ëmmer erëm vu bestëmmte Kreesser verbreet gëtt, ob et dem Land gutt oder schlecht geet.

Besonnesch ee Punkt wëll ech hei erausgräifen an zwar déi sécher Statsbeamteplaz. An Zäite vun héijem Chômage kommen natierlech esou Iwwerleeungen op. Mä ëm wat geet hei ? Et geet guer net ëm dem Beamten seng sécher Plaz. Et geet ëm d’Fondament vun der Demokratie. De Statut erlabt dem Beamte quasi 40 Joer laang an der Intégritéit, der Objektivitéit an der Impartialitéit d’Gesetz ze applizéieren. Dat ass enorm wichteg well de Beamten däerf an sengem Beruff, bei der Applikatioun vum Gesetz, kenge Pressiounen egal wéi enger Natur ausgesat sinn ! Dat sollen sech emol all déi Leit mierken déi liichtfankeg de Beamten hir sécher Plaz uprangeren. A wann e Beamten sech net un d’Virschrëften vum Statut gehalen huet, ass et séier eriwwer mat der sécherer Plaz.

Domat kommen ech dann op de gewerkschaftlechen Deel.

Eng Gewerkschaft ass do fir sech fir d’Wuel vun hire Memberen anzesetzen. Dat hu mir och am vergaangene Joer an dësem Comité gemaach.

Dir kennt eis Fuederung ! Als Associatioun vun de Redaktere beim Stat hätte mir gär d’Aféierung vum Diplom vum Bachelor, als “formation initiale“, dat heescht als Entrées-Billjee fir an eis Carrière eranzekommen. Bei allen anere Beruffsgruppen aus vergläichbare Carrièren ass dat scho laang esou. Firwat net bei de Redakteren ?

Desweidere si mir géint eng nei Carrière Bachelor tëschent der Carrière vum Redakter an der aktueller Carrière supérieure, well mir Redakteren doduerch zolitt Konkurrenz kréien, besonnesch wat eis Attributiounen am Cadre fermé betrëfft. Op der Récksäit vun ärer Invitatioun huet eise Generalsekretär déi Problematik grafesch a faarweg ganz treffend duergestallt.

Well d’Regierung net op eis Fuederung agaangen ass, si mir d’lescht Joer an d’Prozedur vum “Litige collectif“ eragaangen. No 3 Réunioune Conciliatioun an 2 Réunioune Médiatioun ware mir esouwäit wéi virdrun. Eis Fuederung vum Bachelor hätt d’Regierung net vill kascht an den Equiliber tëschent alle „carrières moyennes“ wier mat der Upassung vun eiser Formatioun nees rétabléiert gewiescht. Mä d’Regierung wollt dat net. D’Regierung wollt mordikus 2500 Schoulmeeschteren an d’Carrière supérieure hiewen. Wou Geld ass, ass keng Nout !

Domat ass eng selektiv Gehälterrevisioun virun der genereller Gehälterrevisioun gemaach ginn, an d’Redaktere sinn net déi eenzeg an der CGFP déi dat bedaueren.

Dat Ganzt war eng parteipolitesch Décisioun, agepakt an dat neit Schoulgesetz, wou eng Regierungspartei déi aner wollt iwwerbidden. Déi définitiv Décisioun ass op ieweschtem politeschen Niveau geholl ginn. “Chefsache“ heescht dat op Lëtzebuergesch, wann sech eise Premier 3 Nomëtteger Zäit hëllt fir eis Schoulmeeschteren a Léierinnen …
Dobäi war et hien deen nach am Juli 2007 gesot huet: LW: „Eine andere Einstufung der Lehrerschaft habe schliesslich Auswirkungen auf die gesamte Hierarchie im öffentlichen Dienst“.

D’Regierung huet also net no der Finanz- a Wirtschaftskris gekuckt. Da léiert eis, datt mir och net derno kucken a bei eise Fuederunge bleiwen.

Iwwer dat neit Schoulgesetz kënnt een och nach Villes soen. Z. B. déi vill administrativ Aarbecht, déi vill Déchargen (do bleift de Schoulmeeschtere kaum nach Zäit fir Schoul ze halen …) Mä dat intresséiert kee Mënsch. Si hate bis elo keen Direkter an se kréie mam neie Schoulgesetz och an Zukunft keen Direkter am neien Enseignement fondamental.

D’Proffen an d’Beamten aus der Carrière supérieure hunn alleguer en Direkter un der Spëtzt.
Mir Redakteren hunn och alleguer en Direkter - an d’Direktere déi sinn do fir ze dirigéieren - an da leeft de Betrieb.

Mir Redakteren hunn eng 40-Stonne-Woch, wou d’Aarbechtszäit exakt gemooss gëtt.
Mir Redakteren hunn souguer eng „obligation de résultat“ an eiser Aarbecht (z. B. stellt iech emol vir d’Steierbeamte géifen eng Kéier d’Steiere verjäre loossen !)

Wann et awer ëm d’Opwäertung vun eiser Carrière geet gi mir Redaktere mat enger Etude vertréischt. Eng Etude gëtt jo ëmmer vun deene gemaach déi kee Courage hu fir eng Décisioun ze huelen. An déi Etude fléisst och d’Synthèse vun allen Äntwerten op e Questionnaire an, deen de Ministère vun der FP un all Verwaltungschefe geschéckt huet. D’Regierung huet versprach d’Conclusiounen aus deeër Etude eng Woch virun de Walen ze verëffentlechen.

Mir brauchen net op dat Resultat ze waarde, fir ze wësse wéi d’Zukunft vun de Redaktere beim Stat ausgesäit. Dat gëtt eis elo scho vun engem äiferege Verwaltungschef virdemonstréiert. Esou huet viru kuerzem den Direkter vum Enregistrement senger Personalvertriedung geschriwwen, datt hien envisagéiert bis zu 10 Expéditionnaires-Plaze mat Redakteren ze besetzen. Dat ass genee déi Ofwäertung vun der Carrière vum Redakter virun deër all Comitéë vun der AGC ëmmer gewarnt hunn. Mä dat Schlëmmst un dësem Virstouss vun engem Verwaltungsdirekter ass d’Tatsaach, datt elo schonn duerch d’Hannerdir Plaze fräi gemaach ginn, fir déi nei Carrière intermédiaire vum Bachelor, eppes wat mir Redaktere refuséiere, well mir jo den Niveau Bachelor fir eis Carrière fuederen, an eis Attributioune behale wëllen.

Mir vergonnen de Schoulmeeschteren hir nei Astufung, mä mir Redaktere brauchen dëser Regierung net merci ze soe fir dat wat se fir eis gemaach huet, well se huet an eiser Saach näischt gemaach !

Autoen déi 10 Joer al si gi mat enger Verschrottungsprime aus dem Verkéier gezunn. Fir Politiker aus dem Verkéier ze zéie brauche mir keng “prime à la casse“ mä nëmmen e Walziedel.

A wann d’Regierung drop spekuléiert huet fir Sträit an der CGFP ze provozéieren, dann ass se om Holzwee. Dat wäert et duerch d’AGC mat Sécherheet net ginn. Als Ënnerorganisatioun soe mir dat wat mir ze soen hunn, awer mir stinn trei zu eisem Daachverband, der CGFP.

Well nëmmen zesumme si mir staark. Als Statsbeamte danze mir net no der Päif vun der Regierung. De “Statut unique“ ass do e gutt Beispill. Deen Eintopf huet de Statsbeamten net geschmaacht…

Manner wéi 3 Méint virun de Chamberwale brénge mir dëst Joer och keng Resolutioun hei zur Ofstëmmung, well u wie solle mir se schécken. Déi aktuell Regierung décidéiert souwisou näischt méi. An eng Resolutioun ass eppes Spezielles wat gezielt u politesch Décideure geschéckt gëtt…

Mat dëser Generalversammlung ginn d’Mandater vun de Comitésmembere vun der AGC op en Enn. Ënner dem Punkt 7. vum “Ordre du jour“ vun haut gëtt de Comité vun der AGC neigewielt, respektiv d’Mandater vun dëser GV fir déi nächst 3 Joer erneiert.

Ech si frou, dass sech nees eng Kéier 19 dynamesch a motivéiert Redaktere bereet erkläert hunn an deenen nächsten 3 Joer als effektiv Membere vum Comité fir de Fortbestand vun der AGC ze suergen, a besonnesch sech fir de Stellewäert vun der Carrière vum Redakter anzesetzen.
Esou wéi et ausgesäit wäerten déi nächst 3 Joer nach méi schwiereg ginn, wéi déi 3 lescht Joren. Mä mir loossen eis net ënnerkréien. Deen neie Comité wäert den Défi unhuelen an den Aktiounsprogramm vun der AGC un déi aktuell Situatioun upassen.

An dann hoffen ech natierlech zum Schluss, datt mir och am neie Comité déiselwecht gutt Entente behale wéi bis elo.

Domat sinn ech um Enn vu menger Allocutioun ukomm.

Ech soen Iech merci.