Assemblée générale du 8 mars 2010

Sécher ass, dass näischt sécher ass !

Dat ass de Message dee sech, zesumme mam Finanzéierungsvirbehalt wéi e schwaarz-roude Fuedem queesch duerch de Regierungsprogramm 2009/2014 zitt.

Sécher ass, dass näischt sécher ass ; dee Sproch passt allerdéngs och ganz gutt wann et em eng Rei aner Themen a Situatioune geet, mat deene mir eis an deene vergaangenen 12 Méint beschäftegt hunn.

D’Ouverture vun der Fonction publique

Esou war et op eiser leschter Generalversammlung nach guer net esou sécher wéi et an der Discussioun em d’Ouverture oder besser gesot em eng nach méi grouss Ouverture vun der Fonction publique fir EU Bierger ausgoe sollt.

Et war een deemools dach zimlech skeptesch, dass et an dësem däregen Dossier jee zu engem Accord komme kéint, engem Accord de souwuel d’Regierung, wéi d’CGFP a schlussendlech och Bréissel zefridde stelle kéint.

An awer. Knapps e puer Deeg no eiser Assemblée générale hat d’CGFP eng Réunioun zesumme mam Premier a mam Minister vun der Fonction publique. Erauskomm ass net nëmmen iergend en Accord, mä e Konsens deen ee sech ënner der do Form a virun allem esou kuerzfristeg kaum virstelle konnt.

Ugefaang huet déi ganz Affaire allerdéngs schonn Enn der 90er Jore wéi Lëtzebuerg vun der deemoleger « Cours de justice des Communautés européennes » dozou veruerteelt ginn ass, d’Fonction publique a 6 sougenannte « prioritäre » Secteure fir Net-Lëtzebuerger opzemaachen.

Dat huet dozou gefouert, dass haut an den Domaine Recherche, Enseignement, Santé, Transport, Post souwéi am Beräich vun der Distributioun vu Waasser, Gas an Elektrizitéit den Undeel vun Net-Lëtzebuerger jee no Secteur tëschent 10 % a 15 % läit.

Dat ass net nëmme vill mä enorm vill méi, wéi bei eisen direkten Noperen.

Mä och dat ass der Commissioun zu Bréissel nach net duer gaang an et koum zu enger Mise en demeure déi d’Regierung an Zuchzwang bruecht huet.

De Projet de loi deen no Discussioun mat der CGFP déposéiert an den 18 Dezember 2009 gestëmmt ginn ass, gesäit eng Rei vun neien Épreuve vir, déi garantéiere sollen, dass sech déi nei net-lëtzebuerger Kollege gutt an der Verwaltung integréiere kënnen. An dat net nëmmen an hirem eegenen Interesse, mä och am Interesse vun de Bierger déi och weiderhin dee bescht méigleche Service verdéngt hunn.

Bei dësen Épreuven handelt et sech niewent engem preliminären Test an den 3 offizielle Verwaltungssproochen fir Net-Lëtzebuerger, och nach em e neit Fach am Examen-Concours, an zwar « lëtzebuerger Kultur a Geschicht ». Getest ginn hei all d’Kandidaten, egal wéi eng Nationalitéit se hunn an. Ze bemierken ass, dass des Épreuve fir d’Hälschent vun de Punkten op Lëtzebuergesch ofgehal soll ginn.

Et wäert zwar net laang dauere bis d’Bewertungscritèren fir dës nei Épreuven schonn nees no ënne revidéiert ginn. Mä ëmmerhin, de Multilinguismus an der Fonction publique schéngt awer gréisstendeels bestoen ze bleiwen.

Dësweideren, bleiwen eng Rei Secteuren op Grond vun hiren hoheitsrechtleschen Aufgaben och weiderhi fir d’Lëtzebuerger reservéiert. Et sinn des d’Arméi, d’Police, d’Magistratur, d’Steierverwaltung, d’Diplomatie an all déi Verwaltungen déi direkt um Exercice vun der Puissance publique deelhuelen.

Des 6 Beräicher entsprieche genee deem wat se zu Bréissel als reservéiert Domaine zeréckbehalen hunn. A wann och fir 5 vun hinne weider keng Interpretatioun oder Explicatioun néideg ass, dann ass dat awer bei wäitem net de Fall wann et ëm d’Verwaltunge geet.

An esou huet d’Regierung d’Chefs d’administration opgeruff Lëschte mat deene Posten ze erstellen, déi hirer Meenung no och weiderhin fir d’Lëtzebuerger reservéiert bleiwe missen. Des Poste sollen dann an engem Règlement grand-ducal festgehale ginn.

Mä trotz gutt gemengter Richtlinnen, koum et nawell zu engem Flou artistique an deem verschidde Verwaltungen hirer Phantasie fräie Laf gelooss hunn. Eng generell Ligne de conduite ass net méi ze erkennen an d’Incohérence déi aus verschidde Lëschten ervirgeet, wäert wuel oder iwwel dozou féieren, dass mir an dëser Affaire nach esou bal net iwwer de Bierg sinn.

Als Beispill kann een hei eng Verwaltung zitéieren déi als Postes réservés déi vun « différents chefs de division » opzielt oder eng aner déi sech nach e bësse méi bedeckt hält an d’ « fonctions à responsabilité spécifique à déterminer par la direction » fir d’Lëtzbuerger reservéiere wëll.

Ofgesinn dovun, dass hei d’Dir fir den Arbitraire grouss opgemaach gëtt kann a wäert och nach zu engem anere Problem kommen.

Wat geschitt zum Beispill, wann en Net-Lëtzebuerger géint Enn vun senger Carrière zwar en Rang utile ass, mä de Poste vum Chef de service an domat d’Promotioun refuséiert kritt ? Kann een iwwerhaapt eng Promotioun, déi vum Gesetz virgesinn ass duerch eng Dispositioun aus engem Règlement grand-ducal refuséieren ?

Do muss ee sech dach einfach froe wéi laang et eigentlech dauert bis deen éischten onzefriddenen an op Grond vun senger Nationalitéit iwwergaangene Beamte kloe geet ... a Recht kritt ?

Nuja, jee no Carrière kann dat jo nach eng etlech Joren daueren. Mä da geet d’Discussioun nees eng Kéier vu vir un.

Huet d’Regierung sech an dësem Fall wierklech beméit fir eng Léisung ze fannen oder huet se op des Aart a Weis einfach nees probéiert ee weidere Problem an d’Zukunft ze reportéieren. Op den éischte Bléck ass elo jiddereen zefridde gestallt. Mä fir wéi laang freet ee sech.

Et gesäit een also, dass och an dësem Dossier nëmme sécher ass, dass näischt sécher ass.

Déi generell Gehälterrevisioun

Niewent der Ouverture vun der Fonction publique huet eis awer d’lescht Joer nach een anert Thema béis beschäftegt an zwar déi generell Gehälterrevisioun.

Schonn am Abrëll 2008, hat d’CGFP all hir Member-Organisatiounen am Kader vun enger Conférence des comités restreints mobiliséiert a sech mandatéiere gelooss, fir der Regierung e Message zoukommen ze loossen. Op des Aart a Weis sollt d’Regierung opgefuerdert ginn esou séier wéi méiglech déi scho längst iwwerfälleg generell Gehälterrevisioun an d’Weeër ze leeden.

No enger Entrevue mam Premier am Juni 2008, ass d’CGFP fir d’éischt emol op d’Joer 2009 vertréischt ginn, fir duerno och nach mam Verspriechen ofgespeist ze ginn et géif nach bis virun de Walen eng Étude iwwer d’Traitementer realiséiert ginn. Op Grond vun dëser Étude wier déi nächst Regierung dann an der Lag déi gefuerdert generell Gehälterrevisioun duerchzezéien.

An dat Verspriechen ass och méi oder wéineger agehal ginn. Esou krut d’CGFP ganz kuerz virun de Walen e genee esou kuerze Courrier andeem si informéiert ginn ass, d’Étude iwwer d’Traitementer wier elo ofgeschloss.

Ween awer gemengt hat e géif des Étude dann elo ze gesi kréien oder zumindest e puer Detailer doraus gewuer ginn, dee gouf dach liicht enttäuscht. Et war dach nimools dovu geschwat ginn, des Étude virun de Walen ze publizéieren oder ze diskutéieren, mä eenzeg an alleng se ofzeschléissen. Dozou muss een da wuel soen : Mission accomplie, zumindest fir d’Regierung.

An esou war déi generell Gehälterrevisioun ee weidert Thema dat an engem saft und kraftlose Walkampf net diskutéiert ginn ass, e Walkampf deen u Langweil kaum ze iwwerbidde war. Eenzeg an alleng déi grouss Manifestatioun vum 16. Mee 2009, huet des memorabel Campagne aus hirer Lethargie gerappt a fir e bësse Stëmmung gesuergt.

Dass des Manifestatioun e groussen Erfolleg war steet ausser Zweiwel, och wann d’Fonction publique dach nach eng Grëtz besser hätt kënne vertruede sinn. Mir als AGC waren op jiddwerfalls dobäi an hunn eise Mann, respektiv eis Fra gestan.

Mä zeréck zur Gehälterrevisioun déi dann och eng weider Kéier hire Wee an de Regierungsprogramm fonnt huet.

Am Joer 1999 huet dëse Programm der Regierung hire Wëllen dokumentéiert an deeër Legislaturperiod eng Gehälterrevisioun an der Fonction publique duerchzezéien. Konkret war allerdéngs näischt geschitt.

Am Regierungsprogramm 2004 war nach just riets vun enger « Révision de la structure des traitements ». An des sollt sech och nëmmen op déi Fäll limitéieren an deenen déi traditionell « Critères de classification » signifikativ Changementer opweise géifen. Och an deene Joren huet sech bis op d’Revalorisatioun vun der Schoulmeeschtercarrière och nach d’Surenchère genannt, näischt gedo.

Am aktuelle Regierungsprogramm geet den Text zwar nach vun enger « étude générale sur les traitements » aus, déi awer nach just d’Basis fir eng « révision d’un certain nombre de carrières » soll sinn. Berücksichtegt sollen dann och nach just Critère ginn ewéi « l’évolution des études d’une part, et l’évolution des missions et sujétions d’autre part ». Eng ganz besonnesch Roll awer sollen dobäi déi nei vum Bolognaprozess agefouert Diplomer spillen

Fréier war emol an dësem Kontext och nach riets vun Attributiounen a Responsabilitéit, zwou Notiounen déi dëser Regierung anscheinend net méi esou wichteg sinn.

Sollt et awer entgéint all Fuerderung, net zu enger genereller mä nëmmen zu enger partieller Gehälterrevisioun kommen, an dat kann een esou aus dem Regierungsprogramm eraus liesen, da riskéiere mir Zodi an der CGFP ze kréien. D’Surenchère déi d’Regierung sech bei de Schoulmeeschter geleescht huet ass relativ gutt an ouni gréissere Schued fir d’Gewerkschaft iwwer d’Bühn gaang. E weideren Affront wäerten awer vill Carrière-Organisatiounen net méi esou einfach hinhuelen.

Oder ass et genee dat wat d’Regierung provozéiere wëll ?

A wéi steet et da mat der Unitéit an der Solidaritéit innerhalb der CGFP ?

Wann ee sech des Froe stellt, da gesäit ee ganz kloer, dass och an dësem Fall nëmme sécher ass, dass näischt sécher ass.

De Programme gouvernemental 2009/2014

Mä och soss ass d’Kapitel Fonction publique aus dem Regierungsprogramm nach mat der enger oder anerer Trouvaille gespickt. Esou soll an Zukunft d’Responsabilitéit an den Engagement vum Beamte sech op d’Entwécklung vun senger Carrière auswierken. Och soll de bestehende System vun den Avancementer analyséiert an eventuell reforméiert ginn.

Eng Evaluatioun vun der Qualitéit vum Service publique soll agefouert ginn. An zur allgemenger Belustigung soll de Citoyen-usager an dësem Prozess mat associéiert ginn an esou eventuell d’Méiglechkeet kréie fir deene lidderege Statsbeamten et emol esou richteg lafen ze loossen.

Als spezielle Bonbon fir d’Patronatsvertrieder sollen dann d’Ufanksgehälter vun alle Carrièren ënner d’Lupp geholl ginn, genee esou wéi dat den aktuelle Minister vun der Fonction publique a fréiere President vun senger Partei scho virun de Wale versprach hat.

A fir net nëmmen déi ze strizen déi nach am Ufank vun hirer Carrière sti gëtt och nach eng fir déi sougenannten « Fonctions dirigeantes » drop geluecht. Nom Aféiere vun « Septennat » am Joer 2005, sollen dann elo déi Beamten déi net nëmmen eng Fonction dirigeante, mä eng Fonction « à très haute responsabilité » bekleeden, direkt kënne vun hirem Posten enthuewe ginn, falls si zum Beispill net méi mat der Regierung hirer Politique générale d’accord sinn. E weidere Grond fir esou eng Destitutioun kann awer och doranner leien, dass een déi néideg Conditioune fir den Exercice vun dëser Fonctioun net méi erfëllt. Op et sech bei dëse Conditiounen em déi richteg Parteikaart handelt geet allerdéngs net aus dem Programm ervir.

Esou eng Astellung vis à vis vun héijere Beamte féiert onweigerlech a ganz offiziell zu enger nach méi grousser Politiséierung vum ëffentlechen Déngscht, mat all den negative Konsequenzen déi esou eng Entwécklung mat sech bréngt.

Den Defizit

Wat all des Mesurë schlussendlech brénge wäerten, dat steet nach an de Stären. Mä, wat se net brénge wäerten, dat ass haut scho méi ewéi kloer: sérieux Économien zugonschte vum Statsbudget. Well duerch kierze vun den Ufanksgehälter, Retardéiere vun Avancementer oder aner Mesuren op Käschte vun de Statsbeamten, kritt ee bei wäitem net déi Sommen eran déi zum Beispill néideg ware fir déi eng oder aner Bank ze retten oder fir den Equilibre budgétaire nees hierzestellen.

Mä à propos Equilibre budgetär : mir hunn et schonn 2006 am Kader vun der Tripartite gesot a kënnen et nëmme widderhuelen :

Solidaritéit: jo, mä Extra-Affer fir d’Fonction publique : op kee Fall.

An dat gëllt an dëser Situatioun ganz besonnesch.

Well, ween ass da Schold un der ganzer Kris? Oder anescht formuléiert, ween war mat Sécherheet net Schold un dëser Kris?

An do läit d’Äntwert op der Hand: d’Fonction publique. Awer mir sollen elo de Kapp duerhalen! Direkt, andeems mir bei d’Lisette gelooss ginn, an indirekt andeems de Stat et dem Privatsecteur virmécht an op déi Aart a Weis, mä sécherlech ganz ongewollt dem Patronat e Fräifaartsschäin zum Sozialofbau liwwert.

Dozou kann een nëmme soen: esou net !

Mä nach ass et jo net esou wäit !

Well och wann d’Land Enn 2008 vun der Kris abrupt aus sengem Dornréischen-Schlof gerappt gi war, da si mir awer am Laf vum leschte Joer nees lues a lues zu deem üblechen Train-Train iwwergaang. No engem iwweraus langweilegen a quasi inexistente Walkampf si mir « esou wéi üblech » wiele gaang an et huet och weider kee gewonnert dass sech zumindest wat Koalitioun ugeet, weider näischt geännert huet.

Just déi perséinlech Resultater an déi nei Sëtzverdeelung hunn dach emol deem engen oder aneren ze denke ginn.

An och wann d’Koalitiounsverhandlungen en fin de compte méi laang gedauert hunn, wéi dat am Virfeld ugekënnegt war, dann huet sech schlussendlech e Regierungsprogramm erausgeschielt an deem allerdéngs eng ganz Rei Punkten ënner Finanzéierungsvirbehalt stinn.

An des précaire Finanzsituatioun spigelt sech dann och schonn am aktuelle Budget erëm.

Fir 2010 ass en Defizit virgesinn em deen eis aner Länner sécherlech beneide géifen. Kee weess zwar esou richteg wéi a wou déi feelend Gelder dann opgedriwwe solle ginn, mä, zënter Méint héiert ee soss näischt méi wéi : de Stat muss spueren, tëschen 300 a 500 Milliounen d’Joer ab 2011 a bis 2014.

An domat wiere mir dann och scho bei der Tripartite.

No éischte Beichtstullgespréicher Enn Januar, Uganks Februar soll et dann elo iergendwann esou richteg lassgoen. Wéini genee, dat ass nach ëmmer net gewosst. D’Resultat gi mir dann awer de 4. Mee am Premier senger Ried zur Lag vun der Natioun gewuer.

Dat si nach genee 8 Wochen. Ass dat net villäicht e bësse kuerz fir esou ee wéi de Minister Frieden fënnt « ambitiéise Spuerprogramm » ? Oder soll hei ire probéiert ginn esou séier wéi méiglech en Accord ze forcéieren, en Accord deen a längeren Discussioune wuel ni zustane komme géif ?

Dem Minister Biltgen no sollen des Diskussioune sech exklusiv op d’Konkurrenzfäegkeet, den Aarbechtsmaart an déi budgetär Situatioun limitéieren.

Wat de Budget ugeet, do läit d’Äntwert, zumindest fir d’Patronat op der Hand. De Fonctionnairen hier Peie si Schold a mussen drastesch gekierzt ginn. Vun den Ufanksgehälter bis hin zu 13. Mount : kierzen oder am beschte ganz sträichen an alleguer d’Problemer si geléist.

Bleift just ze hoffen, dass de Premier zu deem steet wat en der CGFP versprach huet a wat de Minister Biltgen an der Presse confirméiert huet :

D’Négociatiounen iwwer d’Gehälterrevisioun an den Accord salarial sollen net an der Tripartite gefouert ginn, mä parallel dozou.

Mä ofgesinn dovun, ass et dach zimlech ongewëss dass et och des Kéier nees an der Tripartite en Accord wäert ginn. An esou wäert d’Regierung wuel net dolaanscht komme fir hier Responsabilitéit ze huelen. Wann een onpopulär Moossnamen ergräife wëll, da muss een och dozou stoen. Et kann ee sech schliisslech net ëmmer hannert de Sozialpartner verstoppen, fräi nom Motto « si ware jo awer domat d’accord ».

A wat do derbäi eraus komme wäert, dat ass nach ongewëss. Eppes kann een awer elo scho soen an zwar dass och wat d’Tripartite ugeet, nëmme sécher ass, dass näischt sécher ass.

Een Iwwergangsjoer

Wann ech mech bis ewell dach haaptsächlech op méi generell Theme beschränkt hunn, dann ass dat net vun ongeféier.

Zum engen ass d’AGC zwar eng Carrière-Organisatioun, mä als Member vun der CGFP si mir awer och direkt an indirekt un deeër Gewerkschaftsaarbecht bedeelegt, déi sech am Beräich vum Intérêt général ofspillt.

An ofgesinn dovun, schénge mir d’Ouverture vun der Fonction publique oder d’Kapitel iwwer den ëffentlechen Déngscht aus dem Regierungsprogramm dach wichteg genuch ze si fir och op eiser Generalversammlung dorop anzegoen.

Zum aneren awer war d’Joer 2009 fir d’AGC als reng Carrière-Organisatioun dach e bësse méi e speziellt Joer. Nodeems mir méi ewéi 30 Joer laang eng besser Formatioun fir déi zukënfteg Redaktere gefuerdert hunn a vun der Regierung beschtefalls op spéider vertréischt gi sinn, stoung d’Joer 2008 am Zeeche vum Litige.

Nodeems de Médiateur eis recommandéiert hat en vue vun der ugekënnegter Gehälterrevisioun de Litige ofzeschléissen, hate mir am Dezember 2008 dem Minister vun der Fonction publique een neie Mémoire ënnerbreet, e Mémoire dee souwuel Formatiouns- wéi och Gehaltsfuerderunge beinhalt.

An enger Entrevue mat der Traitementscommissioun am Januar 2009 hate mir ënner anerem ze héiere kritt, dass d’Redakteren dem Ministère vun der Fonction publique immens um Häerz leie géifen an dass si hiert d’Bescht maache wäerten, fir dass mir bei der Gehälterrevisioun net vergiess ginn.

A vu dass mir genee esou wéi all déi aner Associatiounen an dëser Réunioun nees eng Kéier op déi fir no de Wale geplangte Gehälterrevisioun vertréischt gi sinn, ass d’Joer 2009 fir d’AGC zu engem Iwwergangsjoer ginn.

Et hätt net vill Sënn gehat fir virun de Walen nach eemol à Charge ze kommen an Zäit, Geld a Ressourcen a weider Démarchen ze investéieren, wann ee vu vir era weess, dass et näischt bréngt.

Alles hängt elo vun der Gehälterrevisioun of.

Eng partiell Gehälterrevisioun ?

Mä wat bleift dann elo en fin de compte vun der gefuerderter genereller Gehälterrevisioun iwwereg ? De Programme gouvernemental ass an dësem Punkt eigentlech ganz kloer a gesäit eng « révision d’un certain nombre de carrières » vir, compte tenu vun der Entwécklung vun den Étuden a Missiounen. Dobäi ginn och nach déi nei Diplomer déi sech aus dem Bolognaprozess erginn extra ervirgehuewen.

De Minister Biltgen huet scho méi ewéi eemol gesot, dass et an Zukunft eng Bachelor-Carrière beim Stat wäert ginn. Dat war esou de Fall a senger Funktioun als Héichschoulminister op der « Réunion européenne des étudiants luxembourgeois » zu Karlsruhe am Oktober 2009, oder och nach a senger Ried als Minister vun der Fonction publique op der Séance académique um Centenaire vun der CGFP.

(...)

Wéi kann een enger Gewerkschaft ze verstoe ginn, dass si engem als groussen a staarke Verhandlungspartner wichteg ass an zu gläicher Zäit Iddien am Hannerkapp hunn déi des Stäerkt ënnergruewe kënnen. Ob gewollt oder ongewollt, dat sief emol nach dohigestallt.

Mä och wann d’CGFP intern d’Revalorisatioun vun der Schoulmeeschtercarrière ouni gréisser Problemer iwwerstanen huet, da muss ee sech awer froe wéi et dann am Fall vun enger partieller Gehälterrevisioun wäert goen.

Kann ee sech wierklech virstellen, dass déi Carrièren déi bei esou enger Revisioun op Käschte vun anere Genugtuung kréien och weiderhi solidaresch sinn an esou e Projet ofleenen ?

An och wann déi Responsabel vun deene betraffenen Associatiounen d’Solidaritéit iwwer d’Interesse vun hirer eegener Carrière stelle géifen, wat soen dann hier Memberen dozou ? Schliisslech ass d’Haut ëmmer nach méi no wéi d’Hiem.

An iwwerhaapt, wéi ass dann elo eis eege Situatioun an deem ganze Schlamassel ?

Ëmmer nees si mir vun deem engen oder aneren op de Mémoire « Carrières hiérarchisées » aus dem Joer 2002 ugeschwat ginn an dass een des Initiative nees eng Kéier widderhuele misst. Probéiert hu mir dat jo och am November 2007 an engem méi klenge Krees, mä leider ass et och dobäi bliwwen. De Mémoire esou gutt wéi en deemools och war ass einfach net méi aktuell. Et wier och naiv ze behaapten et kéint een des Experienz nach eng Kéier widderhuelen.

Am Joer 2002 si mir vun enger bestehender Situatioun a Bezuch op d’Formatioun an d’Attributioune vun deenen eenzelne Carrièren ausgaang, an hunn eng nei eenheetlech Struktur fir de Barème proposéiert.

Et war eng reng Reorganisatioun vun de Carrièren. Mëttlerweil huet sech awer esou munches gedo, wéi zu Beispill d’Surenchère déi d’Regierung bei de Schoulmeeschtere bedriwwen huet. Dat féiert natierlech dozou, dass all déi aner Carrièren déi haut schonn e Bachelor-Diplom opweise kënnen, deen och gär bezuelt hätten. Wat jo och verständlech ass.
An da komme mir och nach dohier a fuerdere méi Formatioun gekoppelt mat enger Reform vun eiser Carrière, wohlwissend, dass d’Regierung dorop aus ass fir eng nei Bachelor-Carrière ze schafen. Dat gëtt einfach en Interessekonflikt deen eng gemeinsam Positioun onméiglech mécht. Oder kënn Dir Iech villäicht virstellen dass d’Ingénieurs techniciens eise Refus vun enger neier Bachelor-Carrière ënnerstëtze géifen ? Dat ass genee esou onméiglech wéi dass mir hinnen hier Fuerderung no esou enger Carrière guttheesche kënnen.

Egal wat d’Regierung an dësem Fall décidéiert, et geet op d’Käschte vun der enger oder där anerer Carrière. An ech fäerte ganz et sinn net d’lächeren déi hei de Kierzeren zéien. Mir soen et jo selwer : e Bachelor ass e Bachelor. An dofir hu mir jo eis Fuerderung no méi Formatioun ouni Gehaltsopbesserung fale gelooss. Et kann net sinn, dass a Bachelor-Redakter manner verdéngt wéi e Bachelor-Schoulmeeschter. Dat hu mir effektiv esou gesot, an dozou sti mir och ! Mä dat gelt dann awer och fir déi aner lächeren : ingénieurs-techniciens, assistants sociaux, éducateurs ... a.s.w.

A wann et bis dorëms hiergeet, da wäert et wuel heeschen, déi eng déi hunn et an déi aner hunn et net. An et brauch een net laang ze iwwerleeën, ween déi eng a ween déi aner sinn.

Mir kommen am Moment mat eiser Fuerderung net méi weider, bis d’Regierung am Kader vun enger Gehälterrevisioun Faarf bekennt. An da stellt sech eraus op mir nëmmen net berücksichtegt ginn oder op mir carrément zu deene gehéieren, déi d’Saach ze bezuele kréien.

Well wéi sot schonn den Direkter vun der Fédération des artisans an engem Journal Interview :

Besonnesch an de Carrières inférieure et moyenne hätten d’Gehälter beim Stat all Bezuch zu der Realitéit verluer an et géif net duer goe fir hei bei den Ufanksgehälter e puer kosmetesch Ännerungen erbäi ze féieren.

Do dernieft fuerderen d’Educateuren an d’Sozialpädagogen « eng méi gerecht Opdeelung vum Kuch ». An domat si si sécher net alleng.

A schlussendlech huet de Premier selwer scho virun enger Zäit gesot, dass eng Gehälterrevisioun net onbedingt heescht dass jiddereen eppes bäikritt, mä dass et grad esou gutt kéint sinn, dass deen een oder aneren och emol eppes ewech geholl kritt.

An esou enger Situatioun hu mir allerdéngs net grad déi beschte Kaarten an der Hand. Un eiser Basisformatioun huet sech zënter éiweg näischt geännert, au contraire eis Première ass no X Reformen ëmmer manner wert ginn ! Doriwwer ass sech zwar jiddereen eens, mä ausser der AGC wëll keen eppes dogéint ënnerhuelen. An dat net eréischt zënter gëschter an haut !

A wa mir eis ëmmer nach op eis Attributiounen a Responsabilitéite beruffe wann et em d’Positioun vun de Redakteren an der Statshierarchie an domat am Barème geet, da muss ee sech awer och froen : wéi laang geet dat nach?

An deene leschte Joren huet eis Carrière ëmmer méi Attributiounen un d’Carrière supérieure verluer. Dat ass eng Tatsaach ! Wéi laang kënne mir also nach eenzeg an alleng eis Attributiounen, Responsabilitéiten a Sujétions particulières geltend maache wann et em d’Entwécklung vun eiser Carrière, em d’Zuel u Posten am Cadre fermé oder em d’Rechtfertegung vun de Postes à responsabilité an domat eisem Bis-Grade geet ?

D’Äntwert op all des Fro kréie mir spéitstens wann de Projet vun der Gehälterrevisioun um Dësch läit. A bis dohin ass och wat d’Zukunft vun eiser Carrière ugeet nëmme sécher, dass näischt sécher ass.

Lamentéieren an den Däiwel un d’Mauer mole bréngen an dëser Situatioun sécherlech näischt. Mä trotz allem sollen a musse mir realistesch bleiwen a net blauäugesch an d’Zukunft kucken. Soss kënne mir op eemol béis iwwerrascht ginn.

A wann d’Kaz bis aus dem Sak gelooss ginn ass, da mussen a wäerte mir mat Sécherheet op eis Memberen ziele kënnen, op hier Solidaritéit an hier Ënnerstëtzung.

Bis dohin awer kënne mir leider net méi maache wéi ofwaarden !

Wann all Initiative dorop eraus leeft, dass d’Regierung ee mat der Gehälterrevisioun vertréischt, da mécht et weider kee Sënn fir virun de Won ze sprangen. Besonnesch dann net, wann engem déi néideg Drockmëttel feelen.

E Message virun de Walen

An awer hu mir d’lescht Joer d’Hänn net an de Schouss geluet a gewaart, bis deen iwweraus lazege Walkampf, endlech eriwwer an eng nei Regierung ugetruede war.

Véier Deeg virun de Walen hu mir e Message iwwer Email un 586 Redaktere geschéckt, Memberen a Net-Membere vun der AGC, a si opgefuerdert dëse Mail un all hier Redakterkollegen weiderzeleeden. Déi néideg Adressen hate mir am Annuaire vum Stat um Internet an op de Site vun deene verschiddene Verwaltungen zesummegesicht.

Mir wollten op deem Wee keng Recommandatioune fir d'Wale vum 7. Juni erauszeginn, mä esou vill Redaktere wéi méiglech dorun erënneren, dass déi lescht Regierung

eis Fuerderung no enger besserer a méi adequater Formatioun fir weider 5 Joer systematesch ignoréiert hat,

de Besoin fir e Plus u Formatioun trotz Mémoire, Conciliatioun a Mediatioun absolut net agesinn hat,

kategoresch refuséiert hat, déi nei Redakteren um Niveau Bachelor ze rekrutéieren an op déi Manéier eis aktuell Carrière opzewerten

d'Carrière an d’Gehalt vum Schoulmeeschter opgewert, an domat de Grondsteen geluegt hat fir d’Schafe vun enger neier Bachelor-Carrière,

gewëllt war op dës Aart a Weis d’Redakteren an déi drëtt Rei an der Verwaltungs-Hierarchie ze verdrängen a schlussendlech

d'Redaktere regelrecht dénigréiert hat mat Aussoe wéi déi vum Här Biltgen dee geschriwwen hat: « les cadres administratifs du milieu deviennent de plus en plus superflus ».

Elo kann een natierlech soen, dat do dat ass näischt neits, dat ass d’Vergaangenheet. Komm mir kucken net ëmmer zeréck mä éischter op dat wat virun eis läit. An da stellt ee leider fest, dass alles dat wat ech elo grad opgezielt hunn, op de Konto vun der selwechter Regierungskoalitioun geet wéi déi, déi fir déi nächst 5 Joer nees soe wäert wat Saach ass. An trotzdem, wee weess ? « Il n’y a que les imbéciles qui ne changent pas d’idées ... »

Mä ëmmerhin, eis Actioun ass net onbemierkt iwwer d’Bühn gaang.

(...)

Et kann ee sech jo awer net erwaarden, dass wann een enger Gewerkschaft eng op de rietse Bak facht, dass déi dann och nach dee lenken dohin hält. Dat gëtt et nëmmen an de Märercher.

Zumindest kenne mir deem aktuelle Minister vun der Fonction publique seng Meenung zur Carrière moyenne a kënnen nëmmen hoffen, dass déi sech kuerzfristeg bessere wäert. Anerefalls kann a muss een dovun ausgoen dass och an eise Relatioune mat deenen zwee neie Ministere vun der Fonction publique nëmme sécher ass, dass näischt sécher ass.

De GT « Modernisation de l’Etat »

An och während de Koalitiounsverhandlungen hu mir eis bemierkbar gemaach an e Courrier zesumme mat eisem Mémoire un de Groupe de travail « modernisation de l’Etat », mat enger Copie un de Formateur geschéckt.

Mir hu si dorop higewisen, dass eng Modernisatioun vum Stat net ouni den « Apport professionnel » vu Beamte realiséiert ka ginn, Beamten déi op eng adequat an hiren Attributiounen no ugepasste Formatioun zeréckgräife kënnen.

Nodeems eis Revendicatioun no esou enger Formatioun méi ewéi 30 Joer laang ignoréiert ginn ass, hu mir si opgefuerdert, dëser Situatioun endlech en Enn ze bereeden an dofir ze suergen, dass eis Carrière net lues a lues an der Belanglosegkeet verschwënd.

Op des Actioun eppes bruecht huet oder net, dat sief emol dohigestallt. Mä ëmmerhin hu mir dëser Regierung vun Ufank un eis Revendicatiounen an Doléancen ënnerbreet. Elo muss sech nach just erausstellen op eis Fuerderung hire Wee an de Koalitiounsaccord fonnt huet an d’Redakteren zu deem « certain nombre de carrières » gehéieren, déi am Kader vun der Gehälterrevisioun positiv berücksichtegt ginn. Sollt dat awer net de Fall sinn, da kënne mir trotzdem nach an enger genereller Gehälterrevisioun zum Zuch kommen, an zwar bei deenen déi fir d’Käschteneutralitéit suergen an deem si d’Rechnung presentéiert kréien.

Well och dat ass eng generell Gehälterrevisioun, déi eng déi kréien eppes an déi aner déi bezuelen et. Ob dat allerdéngs dat ass wat d’CGFP gefuerdert huet ass ze bezweiwelen. Mir als AGC, wäerten op jiddefall esou eng Reform net einfach acceptéieren an eis mat alle Mëttel déi eis zur Verfügung sti wieren.

D’Entrevue mat de Ministeren

Fir dass dat och der Regierung vu vir era kloer ass, hu mir Mëtt November eng Entrevue bei deenen zwee Ministere vun der Fonction publique gefrot.

A vu dass eis Memberen ëmmer nach op eng Reaktioun vun der AGC op déi am Juni 2009 ofgeschlosse Gehälterétude waarden, hu mir och eng Copie vum Kapitel iwwer d’Redakteren aus eben dëser Etude gefrot.

Mir hunn allerdéngs och vun der Geleeënheet profitéiert an de Ministeren direkt schonn emol een neie Litige ugekënnegt sollten d’Redaktere bei enger Gehälterrevisioun iwwergaangen, oder op iergend eng aner Aart a Weis benodeelegt ginn.

Géint all Erwaardung hu mir prompt no 2 Wochen eng Äntwert an e Rendez-vous kritt.

Nujee, d’Äntwert war zwar prompt, de Rendez-vous allerdéngs eréischt fir den 26. Januar 2010.

A wee gemengt hat bei zwee Ministeren, kéime mir an Zukunft net méi bis bei de Minister himself, mä nëmmen nach just bis bei déi delegéiert Ministesch, deen hat sech béis geiert.

Well mir, als Vertrieder vun 2.500 Redaktere mir kréie weder eng Entrevue beim Här Biltgen, nach eng bei der Madame Modert. Mir mussen eis mat engem Echange de vues mat der Commission des traitements begnügen ! An dat genee ee Joer no eiser leschter Reunioun mat dëser Commissioun.

Mir hunn dann och am Comité doriwwer diskutéiert wéi een op des weider Provokatioun reagéiere misst. Sollte mir dëse Rendez-vous einfach ofsoen, an op eng Entrevue ministérielle pochen oder net ? Vu dass mir awer an eisem Courrier en Auszuch aus der Gehälterétude gefrot haten, hu mir décidéiert un dësem Echange de vues deelzehuelen an esou villäicht eppes méi gewuer ze ginn, ier mir eis Demande d’entrevue bei de Ministere widderhuele géifen.

De 26. Januar 2010 si mir also nees eng Kéier bei d’Gehältercommissioun gepilgert, des Kéier awer net fir eis Fuerderungen ze presentéieren, mä fir eppes neits iwwer d’Gehälterétude gewuer ze ginn a wee weess fir villäicht och schoun en Abléck an de Projet vun der Gehälterrevisioun ze kréien.
Mä fir dass et vun Ufank u kloer war em wat et an dësem Echange de vues géif goen an em wat net, huet de Pierre Neyens eis emol direkt gesot dass weder hien, nach soss iergend een am Haus ee Mandat hätt fir mat eis iwwer d’Etude oder Gehälterrevisioun ze schwätzen, fir eis ze soe wat dra géif stoen oder wat dann elo iwwerhaapt geschéie wäert.

Mä hien huet eis awer verséchert, dass 80-90% vun de Conclusiounen aus der Etude mat an de Regierungsprogramm eragefloss wieren. No de Wale fir d’Chambre des fonctionnaires, also nom 30. Mäerz géif de Minister Biltgen alles op den Dësch leeë fir da mat der CGFP doriwwer ze diskutéieren.

De Package

A wat do op den Dësch wäert kommen dat ass kee klengen Dreck. E ganze Package soll et sinn an zwar een deen net nëmmen d’Gehälter betrëfft, mä do dernieft och nach eng Strukturreform beinhalt déi sech souwuel op de Statut, op d’Carrièren an op d’Verwaltunge bezitt.

Wéi scho gesot, et steet alles am Programme gouvernemental, explizit oder tëschen den Zeilen. Et muss een e just liesen ...

An och wann d’Aféiere vun enger Bachelor-Carrière dach zimlech sécher ass, de Bologna-Minister ka jo schlecht iwwer säin eegene Schied sprangen, hu mir awer verséchert kritt d’Gehältercommissioun hätt hiert Versprieche gehal an d’Redaktere wären net vergiess ginn. Wat och ëmmer dat heesche soll.

Fir de Rescht hu mir nach e puer esou Häppercher dohigehal kritt, ouni dass mir awer eppes Konkretes gewuer gi sinn : d’Aféiere vun enger Gestion par objectifs fir d’Verwaltungen, de Reklassement vu verschiddene Carrièren op Grond vun der Formatioun an den Attributiounen oder och nach d’Validation des acquis professionnels fir déi déi weider Studéiere wëlle goen.

Mä et ass a bleift e globale Package ! An dorop géifen d’Ministeren insistéieren. « Entweder dat Ganzt gëtt eppes oder et gëtt guer näischt ».

Mä wat heescht an dësem Fall « et gëtt guer näischt » ? Loossen se dann iren de ganze Projet falen ? Oder ass et éischter esou ze verstoen dass et fir d’CGFP näischt gëtt, also dass si näischt kritt an d’Regierung de Projet ouni iergendwelch positiv Aspekter a Bezuch op d’Gehälter duerchzéie wäert.

Mä dovun ofgesinn, hu mir kloer ze verstoe kritt, dass de Package exklusiv mat der CGFP négociéiert wäert ginn. Awéifern, d’Carrière-Organisatiounene consultéiert ginn, dat géif nach ze kläre bleiwen.

Esou eng Haltung riskéiert awer vu vir eran des Négociatioune béis a Fro ze stellen. De Statuten no ass d’CGFP näämlech nëmme fir den Intérêt général zoustänneg. Ëmmer da wann et em carrière-spezifesch Froe geet, sinn eenzeg an alleng déi betraffe Carrière-Organisatioune kompetent.

Et ass also quasi onméiglech fir e Projet deen den Amalgam tëschen Intérêt général a carrière-spezifesche Sujete mécht nëmme mat der Daachorganisatioun, also der CGFP ze diskutéieren.

An da soll nach ee behaapten des Regierung wéilt net mat dësem Projet e Käil an d’CGFP fachen. Dat wat hei proposéiert gëtt, ass eng geféierlech an héich explosiv Mëschung mat groussem Zerstéierungspotential. Wéi sech esou e Gemësch op den eenzelne Beamten, déi eenzel Carrièren, d’Associatiounen an en fin de compte d’CGFP als Dachorganisatioun auswierke wäert kann een am Moment nach net viraussoen. Mä et wäert déi nächst Wochen a Méint net einfach ginn a méi wéi eemol wäert ee wuel mussen e ganz waarmen Appel un d’Solidaritéit vu jidderengem riichten.

Et däerf der Regierung op kee Fall geléngen op esou eng hannerhälteg Aart a Weis Cirque an Zauber innerhalb der CGFP ze provozéieren. Mä, eppes muss een allerdéngs och vu vir era kloerstellen, mir wäerten als AGC awer och net acceptéieren, dass hei eng Gehälterrevisioun um Bockel vun de Redakteren duerchgezu gëtt.

Wat kënne mir also maachen, wann et bis zur Créatioun vun enger Bachelor-Carrière kënnt ?

Méi wéi 30 Joer laang hu mir Formatiounsfuerderunge gestallt ouni awer jee eng konkret Äntwert vun der Regierung ze kréien. Eise Litige aus dem Joer 2008 hate mir lancéiert well d’Regierung refuséiert hat Positioun zu eiser Fuerderung ze huelen. E konkrete Refus hate mir net an der Hand a mir hunn eis jo dowéinst och misse virwäerfe loossen, mir hätte guer kee Litige mat der Regierung.

Wann awer de Projet vun der Gehälterrevisioun bis um Dësch läit an eis Fuerderungen a Bezuch op d’Formatioun vun deenen neien an d’Rémunératioun vun alle Redakteren net zeréckbehal gi sinn, dann hu mir e konkrete Litige a wäerten och des Prozedur nees aleeden.

Eng aner Méiglechkeet gëtt et an dëser Situatioun definitiv net !

Et hätt och kee Sënn elo schoun eng nei Fuerderung als « Plan B » ze presentéieren. Da kënne mir grad esou gutt och nach mat engem « Plan C, D, E an F » kommen.

Ofgesinn dovun, dass mir eis domat méi wéi lächerlech maachen, wier dat fir d’Regierung e kloert Signal, dass mir déi nei Carrière acceptéiere géifen an eis mat der Situatioun offonnt hätten.

Dat ass awer definitiv net de Fall !

Dësweidere versetzt eis esou eng Approche an eng schlecht Ausgangspositioun fir weider Verhandlungen, notamment an der Conciliatioun an an der Mediatioun. Well et ass genee do wou sech d’Zukunft vun eiser Carrière décidéiere wäert.

Mä fir dohin ze kommen, do brauche mir e Refus vun der Regierung. An dee kréie mir net wa mir elo kuerz ier de Projet presentéiert gëtt kleng bäiginn a mat neien alternative Fuerderunge kommen.

Well dat Spillchen do maache mir elo scho méi wéi 30 Joer mat, ouni dass et eis jee eppes bruecht huet. Et gëtt héich Zäit dass eisen Dossier Formatioun ofgeschloss gëtt !

Soubal mir gewuer gi wat d’Regierung mat eis Wëlles huet, wäerte mir deementspriechend reagéieren. Wéi mir dat maache kann ech Iech am Moment nach net soen, dat hängt dovun of wat d’Regierung plangt. Mä ech kann Iech awer elo scho versécheren, dass dëse Comité säi Bescht maache wäert fir e Maximum fir all d’Redakteren erauszeschloen.

Wéi et dann elo konkret nom 30. Mäerz weidergeet, si mir vun der Commission des traitements net gewuer ginn, just dass de Wëllen do ass fir dat Ganzt nach bis Enn des Joer iwwer d’Bühn ze kréien.

A nees eng Kéier kann a muss een agesinn, dass och hei nëmme sécher ass, dass näischt sécher ass.

D’Conclusioun

An domat wier ech dann och um Enn vum mengem Rapport d’activité ukomm. E Rapport deen dach gréisstendeels vu méi generellen Themen dominéiert war.

Wat de Redakteren hier Situatioun ugeet, do huet sech och an deene vergaangen 12 Méint weider näischt geännert. Am leschten Examen-Concours fir eis Carrière loung den Taux d’échecs bei historeschen 87%.

An deem genannten Exame sinn 274 Kandidate fir 26 Posten ugetrueden an et hunn der 35 e gepackt. Gesäit da wierklech soss keen, ausser der AGC eng Relatioun tëschen der Basisformatioun, dat heescht der Première an dëse Chifferen ?

Héchstwahrscheinlech dach ! An et ass hinnen esou laang ewéi breet. An domat mengen ech net nëmmen dat lamentabelt Resultat aus deene leschten Examen, oder d’Tatsaach dass eis Carrière ouni besser Formatioun lues awer sécher d’Baach of geet. Mä d’Haltung vun eise Politiker, eise Ministeren an Deputéierte vis à vis der AGC léisst kloer dorop schléissen dass d’Redakteren hinnen am allgemengen a ganz fein ausgedréckt, esou eppes vun egal sinn !

Op eiser leschter Generalversammlung hate mir ganzer 2 Deputéierten hei vir an der éischter Rei sëtzen, ee vun der LSAP ee vun der CSV a keen aus der Oppositioun, obwuel mir si all invitéiert haten ! An dat an engem Waljoer !

Dat waren der genee esouvill wéi um Concert vun der Garnecher Fanfare e puer Deeg duerno ! (...) Ass dat elo e gutt Zeeche fir d’Fanfare oder éischter e schlecht fir d’Gewerkschaft ?

Mä wéi och ëmmer.

Déi nächst Wochen a Méint wäerten nach méi wéi spannend ginn : Tripartite, Gehälterrevisioun, Gehälterverhandlungen a.s.w....

Hetzcampagnen géint d’Fonction publique wäerte wuel nees um Ordre du jour stoen. Schliisslech kënnt et besonnesch a Krisenzäiten dobaussen ëmmer gutt u fir op der Fonction publique ronderëm ze klappen.

Sozialnäid schüren, de Privatsektor géint deen ëffentlechen ausspillen, Patronat géint Salariat ophetzen an ëmgedréint. Alles dat wäert dozou bäidroen, fir déi eigentlech Diskussiounen ze verlageren an esou nees eng Kéier vun de reeelle Problemer ofzelenken.

Mä souwuel am private wéi och am ëffentleche Sektor mussen d’Leit sech eent bewosst sinn : d’Gewerkschafte wäerte sech a nächster Zäit manner dorop konzentréiere kënne fir Verbesserungen ze erkämpfe, mä vill éischter wäerten se domat beschäftegt si Verschlechterungen ze verhënneren.

An och wann ech mäi Sproch haut den Owend méi wéi eng Kéier gesot hunn, dann ass en awer an enger Situatioun iwwerhaapt net ubruecht !

Well wann et em d’Zukunft vun der Fonction publique am allgemengen a vun de Redakteren am spezielle geet, dann ass eppes net nëmme sécher, mä méi ewéi sécher :

Ween eis sicht dee wäert eis fannen, sief dat d’Regierung, d’Patronatsvertrieder oder wee soss nach mengt e misst sech un eis reiwen.

Sollen se roueg kommen !

Mir d’AGC, zesumme mat der CGFP, mir si bereet a wäerten eis schonn ze wiere wëssen.

Ech soen iech Merci.