Assemblée générale ordinaire du 19 mars 2009

Eng Finanzkris,

eng Wiertschaftskris,

eng institutionell Kris,

eng Verfassungskris,

eng Regierungskris, allerdéngs net heiheem mä bei eise belgen Noperen.

Mä ëmmerhin, mat esou vill Turbulenzen um Enn vun dëser Legislaturperiod hat wuel kee gerechent. Méint laang, jo kéint ee scho bal soe jorelaang hat d’Land esou vru sech hi gedëmpelt, bis op eemol an du war se do. Eng Kris vu weltwäitem Ausmooss ganz am Trend vun der Globaliséierung hat hire Wee fonnt vun déisäits aus Amerika bis eriwwer an Europa.

Freides war d’Welt nach an der Rei a Méindes du stoungen op eemol grouss a manner grouss Banken och op der Finanzplaz Lëtzebuerg kuerz virun der Faillite.

Staatlech Finanzsprëtzen oder besser gesot Baxteren a Milliardenhéicht waren néideg fir eng gréisser Katastrof zumindest à court Terme ze verhënneren. Well t’ass esou bal nach net eriwwer. A kee ka momentan esou richteg soe wat nach alles komme wäert.

Eent ass op jiddwer Fall elo scho sécher, d’Joer 2008 wäert wuel an d’Geschicht agoen als den Ausgangspunkt vun enger weltwäiter Rezessioun mat zur Zäit nach onofschätzbaren Ausmoossen a Konsequenzen.

Mä d’Joer 2008 war fir d’AGC awer och a ganz besonnesch d’Joer vum Litige.

3 Joer laang hate mir Gedold bewisen,

3 Joer laang hate mir eis ëmmer nees vertréischte gelooss,

3 Joer laang hate mir op de bon Sens vum Minister Wiseler gezielt.

Mä genee esou wéi seng Virgänger an deene leschten 30 Joer, hat och deen aktuelle Minister vun der Fonction publique weider keen Interessi un der Formatioun an domat un der Zukunft vun eiser Carrière.

Au contraire, a Plaz eng bestehend Carrière duerch eng besser Formatioun ze stäerken an ze revaloriséieren, hunn d’Diskussioune sech ëmmer méi op d’Schafe vun enger neier, enger Carrière intermédiaire fokusséiert.

Fir ze verhënneren, dass de Minister Wiseler weider op Zäit spillt an eis iergendwa virun de Fait accompli stellt hu mir schlussendlech de Conciliateur mat engem Litige befaasst. Op eiser leschter Generalversammlung hu Dir eis dat Mandat dann och confirméiert.

D´Conciliatioun: 1. Ronn

Mä och wa mir dës Procédure de conciliatioun ganz sérieux geholl hunn, da war der Regierung hier Astellung dozou vun Ufank u méi ewéi kloer: esou séier ewéi méiglech doduerch, sollen se roueg streiken an dann nees weider wéi gehabt. Schliisslech hat d’Regierung och nach aner, vill méi wichteg a weltbewegend Dossieren op der Lee, bei deenen et dach em esou vill méi gaangen ass wéi em déi däreg Fro no der Formatioun vun deenen zukënftege Redakteren. Ech denken do besonneg un d’Revalorisatioun vun der Schoulmeeschterscarrière wou net nëmmen een oder zwee oder dräi, mä ganzer véier Ministere sech der Saach ugeholl hunn, bis dass et hei dach nach zu engem Accord komm ass.

An eiser Conciliatioun souz vis à vis dann och weider kee Minister, mä «nëmme» Beamten aus diverse Ministèrë wéi zum Beispill der Fonction publique an dem Enseignement supérieur, mä awer och aus der APE.

An der éischter Conciliatiounsronn, huet de Porte-parole vun der Regierungsdelegatioun, (...) sech ganz erstaunt gewisen: « Wat jäiz dir dann » sot en, « et ass iech jo nach näischt geschitt! » E Litige tëschent der AGC an der Regierung géif et dach iwwerhaapt net ginn. D’Regierung hätt dach näischt gemaach.

An dat war jo de sprangende Punkt, den Ausléiser fir eise Litige. D’Regierung hat tatsächlech näischt gemaach, weder an deene leschten 3, nach an deene leschte 5, nach an deene leschten 30 Joer. Esou laang ass et schonn hier, dass d’AGC ëmmer nees eng besser a méi adequat Formatioun fir déi zukënfteg Redaktere gefuerdert huet.

An ëmmer nees ass eis Fuerderung ignoréiert ginn. Als eenzeg Ausnam kann een zwar d’Schafe vum IFA Uganks den achtzeger Joren ervirhiewen, mä och dës Formatioun ass mat de Joren esou verwässert ginn, dass se haut nach manner wéi deemools eise reeelle Besoinen an Erwaardungen entsprécht.

Eng Bachelorformatioun fir déi zukënfteg Redaktere wier dem Regierungsspriecher no dann och absolut iwwerflësseg, genee esou wéi eis Crainten, mir géifen an Zukunft eis Attributioun a Responsabilitéiten zugonschte vun enger neier Carrière intermédiaire verléieren. D’Regierung géif och weiderhin d’Redakteren um Niveau BAC rekrutéieren an eis Carrière géif selbstverständlech hier Positioun an der Staatshierarchie behalen.

Dovun ofgesinn, hätt d’Regierung an der Vergaangenheet scho grouss Efforten a punkto Formatioun vun de Redaktere gemaach an dat souwuel am Stage wéi och duerno. An des Formatioun misst och an Zukunft weiderhin ausgebaut gi fir dass d’Redakteren déi bescht méiglech Formatioun kréie sollen.

Dass d’Formatioun um INAP während dem Stage an deene leschte Jore vun net schrecklech vill op bal guer näischt erofgeschrauft ginn ass, hat hei wuel een net esou richteg matkritt.

Mä wéi och ëmmer, déi eenzeg Décisioun, déi d’Regierung beim Ëmsetze vum Bolognaprozess geholl hätt, wier fir d’Carrière supérieure an Zukunft um Niveau Master ze recrutéieren.

Eng nei Carrière intermédiaire ?

Ob et an de Verwaltungen e Besoin no enger spezifescher Bachelorcarrière gëtt, dat misst am Kader vun engem Groupe de travail analyséiert ginn. A wann deem esou wier, da géifen eréischt d’Responsabilitéiten an d’Attributioune vun dëser neier Carrière definéiert ginn.

Ma do muss ee sech dach froe fir wéi naiv oder éischter fir wéi domm gi mir eigentlech hei gehal ?

Wéi kann een eng nei Carrière aus dem Hutt zauberen a se tëschent zwou anerer quëtschen, ouni dass dat iergendwellech Konsequenze fir déi bestehend Carrièren huet ?

Dat geet einfach net! Genee esou wéineg wéi een an de Verwaltungen nei Poste schafe kann, ouni hinnen déi néideg Attributiounen zoukommen ze loossen oder nei Missiounen einfach emol esou aus dem Steen ze schloen.

Et misst ee schonn all Numerus clausus Considératiounen iwwer Bord geheien a massiv nei Leit astellen an dat nëmme well et elo en neien Diplom gëtt, en Diplom deen awer bis ewell nach net an der Statsverwaltung vertrueden ass.

Mä dat kann et jo awer och net sinn. Vill éischter wäert et zu engem Transfert vun Attributiounen aus enger vun deenen zwou bestehende Carrièren an dës nei Carrière kommen. Dass d’Kollegen aus der Carrière supérieure hier Attributiounen oftrieden, kann ee sech nëmme schwéier virstellen. Schliisslech géif dat enger gewësser Dévalorisatioun vun der Carrière supérieure gläichkomme, vu dass jo dann hei bis ewell iwwerqualifizéiert Beamten eng Aarbëcht gemaach hunn déi grad esou gutt vu Leit mat manner Formatiounen iwwerholl ka ginn.

Do ass et dach vill méi praktesch an eisem Cadre fermé ze braconnéieren an eis Attributiounen a Responsabilitéiten op dës nei Carrière ze iwwerdroen. Fir eis bleiwen zu gudder lescht den Expéditionnairen hier Funktiounen iwwereg, wéi een nawell ganz gutt um Beispill vum Enregistrement gesäit. D’Argumenter heifir hu mir seguer selwer an eise verschiddene Mémoiren a Fuerderunge geliwwert.

De Minister Wiseler hat eis eng Kéier an enger Entrevue gesot, dass et eng ganz Rei Posten an der Statsverwaltung gëtt wou een net onbedingt e Master bréicht a grad esou gutt mat engem Bachelor besat kéinte ginn. Bis dohin hat eis dës Ausso jo nach ganz gutt gefall. Mä wéi mir dunn awer gefrot hunn, « A wee sëtzt dann am Moment op dëse Posten ? », du sot hien « Ma, ganz gutt Redakteren ». Iwwer d’Zukunft vun dëse Posten huet hie sech dunn awer net méi geäussert.

Mä all des Iwwerleeunge konnten d’Regierungsdelegatioun an der Conciliatioun net weider iwwerzeegen, au contraire:

« Et ass iech jo nach näischt geschitt ! »

De Changement de carrière

An dovun ofgesinn, sollt et dann eng Kéier zu enger neier Carrière kommen, da kéint ee jo a ganz spezielle Fäll de Passage vun der Redakteschcarrière an des nei Carrière virgesi ginn. Schliisslech hätt d’Regierung sech jo am Accord salarial vu Mee 2005 engagéiert fir d’Modalitéite vum Changement de carrière ze réévaluéieren.

Wéi naiv muss een da si fir sech op esou eng Aart a Weis Sand an d’Ae streeën ze loossen. ?

Éischtens kann een de Bëstand vun enger Carrière dach net domat garantéieren, andeems een et e puer ganz rare Kandidaten erméiglecht déi betraffe Carrière ze verloossen.

An zweetens, huet d’Regierung sech am Accord salarial 2005 engagéiert fir d’Modalitéite vun dëser Prozedur ze harmoniséieren an net fir de Redakteren den Accès zur Carrière supérieure ze erschwéieren.

Ech erënneren an dësem Kontext just kuerz un den Avant-projet de loi dee mir am Oktober 2007 negativ aviséiert haten an deen definitiv keng Harmoniséierung, mä eenzeg an alleng eng Verschlechterung fir d’Redaktere mat sech bruecht hätt. Fir déi aner Carrièren hätt sech näischt geännert.

D’Aféiere vun engem « Plan de qualification individuel » fir d’Redakteren op enger Uni, net rémunéréiert an dat während een oder zwee Joer hätt dozou gefouert, dass ee sech an Zukunft esou e Changement de Carrière, esou rar wéi en ounihi schonn ass, iwwerhaapt net méi leeschte kéint.

Dësen Avant-projet ass dann och nees zeréckgezu ginn.

Mä, wéi och ëmmer! D’Regierung ass mat Widdermutt an d’Conciliatioun komm, e Grond fir e Litige huet se zu kengem Moment agesinn an am léifsten hätt se schonn no 5 Minutten den Echec vun der Conciliatioun festgestallt.

Dat war awer weder am Sënn vun der AGC, nach huet des Attitude grouss Begeeschterung beim Conciliateur Pierre Gehlen ausgeléist. An esou hu mir dann och eng zweet Ronn erausgeschloen, trotz engem bëssege Komentar vum Regierungsspriecher.

D´Conciliatioun: 2. Ronn

An och an des Réunioun koum d’Regierungsdelegatioun mat eidelen Hänn.

Mä domat net genuch! E Mandat fir iwwer redakterspezifesch Problemer ze diskutéieren hätt d’Regierung hinnen souwisou net ginn. Et géif jo elo mol eng generell Etude iwwer d’Taitementer gemaach ginn, bei deeër och d’Besoine fir eng nei Bachelorcarrière analyséiert solle ginn. De Rapport final wäert dann Enn Mee, Uganks Juni 2009 um Dësch leien. Esou laang misse mir eis eben nach gedëllegen.

(...)

D’Resultat war en heftege Klimawandel deen dozou gefouert huet, dass de Conciliateur eng drëtt Ronn proposéiert huet, schonn alleng fir nees e bësse Rou an d’Diskussioun ze kréien.

D´Conciliatioun: 3. Ronn

An dëser drëtter a leschter Réunioun ass d’Regierungsdelegatioun demonstrativ mat nach just zwee Mann ugetrueden. Déi aner kéimen e bësse méi spéit no ... Si se awer net ! Firwat och ? Der Regierung hier Attitude zu eisem Litige an iwwerhaapt zu der ganzer Procédure de conciliation war jo vu virera kloer.

An enger Conciliatioun probéiert de Conciliateur zwou Parteien openeen duer ze beweege fir op des Aart a Weis en Arrangement ze fannen an dem Litige en Enn ze setzen. An och wa mir duerchaus bereet ware fir eis ze beweegen an eventuell Konzessiounen ze maachen, da war dat leider net de Fall fir d’Regierungssäit déi an dësem Dossier absolut keen Handlungsbedarf gesinn huet. Au contraire !

De Minister Wiseler sot et wier net evident als Minister vun der Fonction publique fir de Primaner an Zukunft den Accès an d’Redakteschcarrière ze verwieren.

An dem Héichschoulminister ass eis Fuerderung sécherlech en Dar am A. Schliisslech ass de Bachelordiplom, deen éischte vun dräi Universitéitsdiplomer. An da kënnt do esou eng Band Redakteren dohier a fuerdert dëse schéinen, fuschneien Diplom als Ersatz fir hier « sabbelesch » Première. Kee Wonner, dass dat dem gudde Mann scho bal vir komme muss wéi, entschëllegt den Ausdrock mä op gutt lëtzebuergesch wéi „Pärele bei d’Sai“. Hat de Minister Biltgen dach net schonn d’lescht Joer an engem Wortartikel wuertwiertlech geschriwwen : « les cadres administratifs du milieu deviennent de plus en plus superflus ».

D´Non-conciliation

An esou gouf de Procès-verbal de non-conciliation de 14. Juli 2008 an der aler Cour Supérieure de Justice matten an der grousser Plënneraktioun ënnerschriwwen.

Eis Démarche am Fall vun engem Echec hate mir am Virfeld schonn am Comité diskutéiert an och festgehal. Mécht et iwwerhaapt Sënn an d’Mediatioun ze goen, wann ee bis weess wéi sérieux oder besser gesot onsérieux, d’Regierung eis Fuerderung, eise Litige jo seguer déi ganz Procédure de conciliation hëlt ?

Mä am Géigesaz zum Conciliateur dee probéiert d’Parteien an der Diskussioun openeen zou ze bewegen, muss de Médiateur am Fall vun engem Echec eege Recommandatiounen un d’Parteie formuléieren.

Dat alleng war scho Grond genuch fir an d’Médiatioun ze goen. Ze verléieren hate mir esou oder esou näischt, och wa mir ëmmer nees bësseg drop higewise gi sinn, dass um Schluss vun der Prozedur de Streik géif stoen.

Wann een dann awer och nach bedenkt dass mir op eiser leschter Generalversammlung vun Iech d’Mandat kritt hu fir d’Prozedur vum Litige ze lancéieren, da war Décisioun séier geholl.

Mir haten e ganzt Mandat kritt an net nëmmen en halleft. No der Conciliatioun eise Litige zeréckzezéie koum also net a Fro.

Gläichzäiteg hu mir eis awer och scho Gedanken doriwwer gemaach wéi et dann no engem zweeten Echec sollt weider goen. Ze gleewen, dass d’Regierung eis Fuerderung acceptéiere géif wier dach zimlech naiv gewiescht. A wéi en Intérêt hätt d’Regierung fir dem Médiateur seng Recommandatiounen ze acceptéieren, Recommandatiounen déi eis eventuell arrangéiere kéinten.

Dofir hu mir dann och zu deem Zäitpunkt schonn eis zukënfteg Marche à suivre festgeluegt, ouni awer d’Mediatioun vu vireran ofzeschreiwen.

D´Mediatioun

An enger éischter Réunioun am Juli 2008, tëschen der AGC an dem Médiateur Albert Hansen, hate mir d’Geleeënheet fir eisen Dossier ganz am Detail ze presentéieren. De Médiateur huet sech net nëmme ganz interesséiert gewisen, mä en hat och vill Verständnes fir eis Cause. Als fréieren héiche Beamten aus dem Ministère d’Etat huet hie seguer d’Problematik nach zimlech gutt kannt a konnt esou eis Suergen duerchaus novollzéien.

Op eng gemeinsam Réunioun tëschen de Parteien huet hien awer bewosst verzicht. Schliisslech hätte mir eis an der Conciliatioun schonn alles gesot wat et zu dësem Thema ze soe géif, ouni dass et zu iergend engem Rapprochement gefouert hätt. Eng zweet Réunioun war fir September/Oktober geplangt, falls de Médiateur nach déi eng oder aner Fro hätt. An duerno géif en dann deenen zwou Parteien seng Recommandatiounen zoukomme loossen.

Dozou muss een awer Folgendes soen :

dës Recommandatioune konnte sech dee Moment nëmmen am Kader vun der vun eis gestallter Fuerderung beweegen. An dat war zu deem Zäitpunkt d’Revendicatioun no enger besserer a méi adequater Formatioun onofhängeg vun iergendenger Gehaltsfuerderung.

Am Kloertext: méi Formatioun bei gläicher Pei !

Wann deen aktuellen Niveau de formation net méi duergeet, fir dass ee seng Aarbecht ënner deene beschtméigleche Conditiounen an zur absoluter Zefriddenheet vun alle Betraffene maache kann, da muss een ebe méi Formatioun hunn ier een an d’Carrière era kënnt. Ouni dass dat zwangsläufech eng Gehaltsopbesserung mat sech bréngt. Des Approche war zu deem Zäitpunkt nach absolut ze vertrieden. Dozou stounge mir an dozou sti mir och nach haut.

De Wendepunkt

Mä iwwer de Summer huet sech esou munches gedo. Ech denken dobäi manner un d’Finanzkris well déi war e bësse méi spéit, mä éischter un den Accord deen d’Schoulgewerkschaften mat der Regierung fonnt hunn. Wier d’Kris e puer Wochen éischter komm, da wier et wuel ni zu esou engem Accord komm, en Accord deen no an no eng ganz Lawin vun neien, respektiv reorientéierte Fuerderunge lassgetrëppelt huet.

Mä dovun ofgesinn, mat wéi engem Recht gëtt hei eng eenzel Carrière revaloriséiert an ee bestëmmte Bachelordiplom méi rémunéréiert wéi all di aner ? Mä virun allem, kënne mir als AGC ënner dëse Conditiounen eis Revendicatioun no engem Bachelor ouni Gehaltsfuerderung oprecht erhalen ? Wuel kaum.

Dat hu mir dann och dem Médiateur an eiser zweeter a leschter Réunioun ze verstoe ginn. Mä wéi scho gesot, dem Médiateur seng Propose ka sech ëmmer nëmmen an deem virdefinéierte Kader vum Litige bewegen. Mä hien huet eis dorops hi versprach eis nei Iwwerleeungen a säi Rapport afléissen ze loossen.

D´Recommandatioune vum Médiateur

Wat e schlussendlech dann och gemaach huet. An esou geet aus de Recommandatiounen ervir, dass « un événement survenu en cours de procédure a foncièrement influencé le litige soumis à médiation, à savoir l’accord trouvé au cours du mois de septembre 2008 entre le gouvernement et les syndicats des instituteurs, en matière de reclassement de la carrière de l’instituteur ».

Der AGC recommandéiert de Médiateur deen aktuelle Litige ofzeschléissen, wat mir dann och am Comité à l’unanimité acceptéiert hunn. Allerdéngs ass et hei net dorëms gaang wéi vum Médiateur proposéiert fir der Regierung d’Geleeënheet ze ginn eng generell Gehälterrevisioun ze preparéieren.

Fir eis war dat déi Geleeënheet, fir dem Minister vun der Fonction publique Eisen neie Mémoire ze ënnerbreeden, e Mémoire deen souwuel Formatiouns- wéi och Gehaltsfuerderunge beinhalt.

Mä dozou spéider méi.

Der Regierung recommandéiert de Médiateur sech eis Revendicatiounen nach eng Kéier unzehéieren esou bal wéi d’Etude iwwer d’Traitementer ofgeschloss ass. Do dernieft soll der AGC dann awer och dee Rôle zoukommen deen hier als Gewerkschaft am Kader vun den Diskussiounen iwwer eng Gehälterrevisioun zousteet.

U sech näischt aussergewéinleches. Mä einfach nëmmen dat wat ee sech ënner enger normaler Relatioun tëschen Diskussiouns- a Verhandlungspartner erwaart.

Bleift allerdéngs ofzewaarden op sech dann déi aktuell an och déi nächst Regierung dorun hale wäerten.

Wat huet de Litige bruecht ?

Mä wat hu mir dann elo mat dësem Litige erreecht ?

Zum engen huet sech d’Regierung emol endlech mat eiser Fuerderung beschäftegt. Konkret huet dat eis zwar net vill bruecht, mä esou wuel déi aktuell wéi och déi nächst Regierung wëssen elo dass mir eis näischt méi gefale loossen an dass d’Moos definitiv voll ass. A wéi scho gesot hu mir dem Médiateur seng Recommandatiounen nëmmen ugeholl, well mir eis domat de Wee fir eng nei Fuerderung fräi maache konnten. Et war e propperen Auswee aus engem Litige deem säin Objet kee Bëstand méi hat.

Zum aneren awer haten och mir emol eng gewësse Mediepräsenz. Sécher fir an der sougenannter Regierungspress zu Wuert ze kommen, hu mir allerdéngs e puer Annoncë musse schalten. Dat war zwar net bëlleg huet awer den Interessi vu Radio an Tele erwächt a vrun allem huet et eis erlaabt, eis Memberen um lafenden ze halen.

Mä dat wichtegst fir eis ass d’Tatsaach dass et bis ewell nach ëmmer net zu enger neier administrativer Carrière intermédiaire fir de Bachelor komm ass. Nach sti mir d’Redakteren an der zweeter Rei, direkt hannert der Carrière supérieure. Wier dat och nach esou wa mir kee Litige lancéiert hätten? Wee weess ...

D´Etude iwwer d´Gehälter 1

Een anert Thema dat d’lescht Joer fir vill Diskussiounsstoff gesuergt huet an och ëmmer nach suergt ass a bleift d’Gehälterrevisioun. Vun der Conférence des comités restreints mandatéiert, huet d’CGFP am Abrëll 2008 der Regierung e Message zoukomme gelooss an deem se eng generell Gehälterrevisioun fuerdert.

No enger Entrevue mam Statsminister, huet d’CGFP an engem Courrier matgedeelt kritt, dass esou eng Gehälterrevisioun virun 2009 net méiglech wier. Allerdéngs géif bis virun de Walen eng Etude iwwer d’Traitementer realiséiert ginn, eng Etude déi et der nächster Regierung erméigleche soll eng generell Gehälterrevisioun duerchzezéien.

Wat des Ausso no de Walen 2009 nach wert ass bleift emol dohigestallt. Mä ëmmerhin, am Oktober huet de Ministère vun der Fonction publique all d’Verwaltunge mat engem Questionnaire befaasst deen et erlabe soll en Inventaire ze maache vun ënner anerem de Gehälter, de Funktiounen an de Responsabilitéite vun deene verschiddene Carrièren.

Ee Volet vun dësem Questionnaire befaasst sech dann awer och mam Recrutement. Entsprécht de Niveau de compétence vun de Stagiären dem Profil vun den ageschriwwene Posten ? A wann net, wou happert et ? Wat hal Dir vun der Procédure de recrutement, also dem Examen-concours ?

D´Compensatioun am Examen-concours

Erlaabt mir an dësem Kontext kuerz eng Klamer opzemaachen.

An engem Règlement grand-ducal vum 9 Mäerz 2009, gëtt den Examen-concours fir eng bestëmmte Carrière reforméiert, andeems ënner anerem de Compensatiounssystem agefouert gëtt. Bei deem zoustännege Ministère handelt et sech allerdéngs net em d’Fonction publique.

Am Kloertext heescht dat, dass een eng Ongenügend vun op mannst 7 vun 20 Punkten an engem vun den dräi Fächer aus dësem Exame compenséiere ka wann een eng Moyenne vun 3/5 vum Total vun de Punkten huet.

Dat ass allerdéngs scho keng kleng Datz, mä eng vun 21 vu 60 Punkten. An et si nëmmen 3 Fächer am ganzen.

Et geet hei wierklech net em déi betraffe Carrière, mä em d’Nonchalance mat deeër hei den Accès an d’Fonction publique bradéiert gëtt. Hei gëtt mat fundamentale Prinzipie gebrach !

A wann een dann nach weess em wéi eng Carrière an em wéi eng Fächer et sech dobäi handelt, da gëtt engem d’Ausmooss vun der ganzer Eefältegkeet emol esou richteg bewosst.

(...)

Ma wou si mir dann hei ?

Seguer wann d’Resultater an deene leschten zwee Concourse fir eis eege Carrière nees eng Kéier ënner aller Clarinette waren, da kann och en Taux d’échec vun 70% am Mäerz 2008 a vun 81% am Oktober 2008 esou eng Verwässerung vun de Critèren einfach net rechtfertegen.

Fir an d’Fonction publique eran ze kommen, muss ee sech och weiderhin engem Exame stelle bei deem ee sech net einfach esou doduerch fuddele kann. Den Examen-Concours a senger aktueller Form ass a bleift ee vun de Garante fir d’Erhale vun eisem Statut.

D´Etude iwwer d´Gehälter 2

Mä, domat schléissen ech awer des Klamer a kommen zeréck zum Questionnaire, wou e weidere Volet déi bestehend Gehälterstruktur behandelt. Hei gëtt zum Beispill gefrot op déi aktuell Gehälterstruktur de Besoine vun der Verwaltung entsprécht an op des Gehälterstruktur et hier erlaabt hier Missiounen uerdentlech auszeféieren.

Wéi eng technesch Incohérencen oder gréisser Hürden a Bezuch op d’Gehälterlegislatioun beeinträchtegen de gudde Fonctionnement vun der Verwaltung ?

Wann Dir elo net wësst wat domat gemengt ass, da geet et Iech sécherlech wéi ville Verwaltungschefen déi hei ganz bestëmmt hier Inspiratioun musse spille loosse fir eng eenegermoosse plausibel Äntwert op de Pabeier ze bréngen. Wat dobäi erauskënnt ka sous Garantie net zu enger genereller Conclusioun zesummegefaasst ginn. Oder war dat iere vu virera guer net erwënscht ?

Well déi allermeeschte Froen aus dësem Questionnaire loosse ganz vill Interpretatiounsspillraum. An esou kënnt et engem dann och vir wéi wann d’Analyse scho längst ofgeschloss wier an déi eigentlech Etude nach just dozou denge soll fir déi Argumenter erauszepicken déi des Conclusiounen en fin de compte beleeë sollen.

An dann, kuerz vrun der nengsäiteger Fiche de synthèse déi pro Carrière ausgefëllt muss ginn, kënnt se endlech, déi grouss Fro:

Brauch Dir an ärer Verwaltung eng Carrière intermédiaire tëschend der Carrière supérieure an der aktueller Carrière moyenne an déi um Niveau Bachelor recrutéiert soll ginn ?

Wa jo, firwat brauch Dir se, wéi eng Kompetenze sollen des Beamten hunn a wéi eng Attributioune géifen se exerzéieren ?

An och hei gesäit een, egal wat déi eenzel Verwaltungen äntwere wäerten, e puer Argumenter wäerte sech scho fannen, fir der Regierung hier Projeten a Bezuch op Bologna ze justifizéieren.

En plus gëtt d’Responsabilitéit an d’Décisioun einfach op d’Verwaltungschefen ofgewälzt.

An duerno Kënnen se ëmmer soen: mä d’Verwaltungen hätten et jo gär esou gehat.

D´Gehälterrevisioun

Mä wéi och ëmmer, d’Emsetze vum Bolognaprozess an déi nächst Gehälterrevisioun sinn ee Ganzt a kënnen net méi onofhängeg vuneneen traitéiert ginn. An och wa mir als AGC zu 100 % hannert der CGFP hirer Fuerderung no enger genereller Gehälterrevisioun stinn, da musse mir awer oppassen, dass et eis net op eemol e Strapp ze séier geet. Op kee Fall däerf des Fuerderung als Prétexte geholl gi fir still und leise eng nei Carrière anzeféieren an eis, d’Redakteren, an déi drëtt Rei ze verdrängen.

An iwwerhaapt, eng Gehälterrevisoun an enger Zäit wou d’Aktualitéit vu Wiertschaftskris, Kuerzaarbecht, Aarbechtsplazenofbau a Rekordchômagezuelen dominéiert gëtt. Kënne mir esou eng Fuerderung mat rouegem Gewësse stellen ?

Jo mir kënnen ! A mir musse seguer. Schliisslech ass des Revisioun zënter laangem iwwerfälleg. Iergendwann, wäert jo och des Kris iwwerstane sinn, an eis esou laang an den Eck sëtzen a waarden dass et esou wäit ass, dat kënne mir eis net erlaben. Well bis dohi fannen se eppes neits fir eis op nach besser Zäiten ze vertréischten. An dat kann et jo awer och net sinn.

Sécher, déi nächst Jore wäerten nach spannend ginn a mir, dat heescht net nëmmen d’Redaktere mä éischter d’ganz Fonction publique, mir wäerten nees vu ville Säiten héich geholl ginn. An dogéint mussen a wäerte mir eis wieren, als AGC esou gutt wéi och als Memberorganisatioun vun der CGFP.

Falsch wier et fir elo scho virun de Won ze sprangen, all eis Fuerderungen zeréck ze zéien a breetwëlleg Extra-Affer ze proposéieren. A sollte mir an d’Situatioun komme wou mir eise Beitrag leeschte mussen da wäerte mir den Emstänn entspriechend reagéieren awer op eng solidaresch Aart a Weis.

Keng Extra-Affer fir d’Fonction publique !

D´Ouverture vun der Fonction publique

A wa mir scho bei der CGFP an domat beim Intérêt général sinn, da kënnt een u sech net laanscht een anert Thema dat ëmmer nees fir Diskussioune suergt:

d’Ouverture vun der Fonction publique fir Net-Lëtzebuerger.

Wat kann a soll een dozou soen ?

Wéi wier et mat 3 Zuelen: 21 10 40.

Dat ass weder eng Telefonsnummer, nach sinn et 3 vun de 6 richtege vum nächste Weekend, ob wuel, wee wees ...

21 10 40, dat si Prozenter.

21 % vun den aktive Lëtzebuerger schaffe beim Stat. Dat sinn der geringfügech manner, also knapps 79 % manner wéi dat wat d’Patronat eis ëmmer nees virgaukelt. Hinnen no schafft all Lëtzebuerger beim Stat an de Privatsektor muss sech ëmmer nees mat Frontalieren an net-lëtzebuerger Résidenten begnügen.

10 %, dat ass den Taux vun Net-Lëtzebuerger an der Fonction publique, an do ass weder den Enseignement nach den Domaine vun der Santé mat abegraff. Dat ass och liicht méi wéi bei eise belgen Noper zum Beispill wou dësen Taux knapp bei engem halwe Prozent läit.

40 % dat ass den Undeel vun Net-Lëtzebuerger Résidenten, déi ënner bestëmmte Conditiounen d’lëtzebuerger Nationalitéit kréie kënnen an dat ouni emol, dank dem Gesetz iwwer déi duebel Nationalitéit op hier Originen ze verzichten. An dat ass och gutt esou, well d’Originen dat heescht ënner anerem d’Kultur vu senge Verfahren an déi eegen Identitéit si wichteg. An dat soll och esou bleiwen.

Mä, mat dësen Iwwerleeungen ass dann awer ganz séier Schluss, wann et em eis eegen Identitéit an notamment eis Sprooch geet. Ass et wierklech ze vill verlaangt, dass een doheem an eng Verwaltung geet an do a senger Mammesprooch servéiert gëtt. Ass et op der anerer Säit ze vill verlaangt fir d’Sprooch vun deem Land an deem ee lieft a schafft ze léieren. Och wann se am Privatsektor ëmmer méi zur Ausnam gëtt, da muss d’Lëtzebuerger Sprooch dach zumindest an der Fonction Publique nach d’Regel bleiwen.

Sécher, och wann d’Sprooch nëmmen ee vun den Argumenter ass déi een an dëser Fro verhiewe kann, da muss ee sech trotz allem bewosst sinn, dass mir eis net éiweg géint eng Ouverture, oder éischter eng nach méi grouss Ouverture vun der Fonction publique verschléisse kënnen.

An dofir brauche mir an dësem Dossier onbedingt e Konsens deen souwuel d’Regierung, wéi d’CGFP a schlussendlech och Bréissel zefridde stelle kann. Et ass a bleift en heikelt Thema dat ganz vill Fangerspëtzegefill erfuedert. Schliisslech kënnen a wäerte mir wuel kaum duerch d’Nei Avenue marschéieren a Pancarten a Banderolen héichhalen op deene steet: keng Auslänner an d’Fonction publique. Esou wäit däerf a wäert et och wuel nimools kommen.

De Mémoire 2008: Formatioun

Mä och wa mir eis zesumme mat de CGFP fir d’Interesse vun der gesamter Fonction publique asetzen, da wäerte mir awer och weiderhin eis eege Suergen a Problemer net aus den Ae verléieren.

Wéi sech déi ganz Bologna-Débatte d’lescht Joer op eemol nach just op de Schoulmeeschteren hir Peie fokusséiert huet an d’CGFP, villäicht grad aus deem Grond, eng generell Gehälterrevisioun an d’Gespréich bruecht huet, du hu mir eis scho Gedanke gemaach wéi et dann nom Litige dat heescht no der Conciliatioun an der Médiatioun weider goe soll.

Mir haten eis eng Rei vu Scénarien ausgeduecht a wéi mir als AGC dorop reagéiere kéinten. Ee vun dëse Scénarien ass schlussendlech agetratt: d’Revalorisatioun vun der Schoulmeeschterscarrière.

Wéi och de Médiateur a senge Recommandatioune geschriwwen huet, ass dësen Accord tëschen der Regierung an de Schoulgewerkschaften de Wendepunkt an eisem eegenen Dossier Formatioun.

Am Joer 2003 huet d’AGC ënner hirem neie President a Generalsekretär décidéiert d’Revendicatioun no enger besserer Formatioun onofhängeg vun iergendenger Gehaltsfuerderung ze stellen.

Des Approche war zu deem Zäitpunkt absolut ze vertrieden. Fréier huet een zur Elite gezielt wann een en Unisdiplom an der Täsch hat. Haut gëtt dat esou lues a lues zur Selbstverständlechkeet. Ausser fir d’Redakteren !

Nodeems d’Regierung an der Fro em d’Revalorisatioun vun der Schoulmeeschterscarrière d’Surenchère bedriwwen huet, ass d’Fuerderung no engem Bachelor fir d’Redakteren ouni Gehaltsopbesserung net méi vertrietbar ginn. Et wier absolut lächerlech ze behaapten, dass d’AGC domat d’accord wier, dass ee Bachlor-Redakter manner verdéngt ewéi ee Bachlor-Schoulmeeschter.

Hätt d’Regierung eis Fuerderung acceptéiert, dann hätt se an Zukunft net nëmme besser forméiert Beamten ouni supplémentaire Fraisen recrutéiert, mä se hätt zu gläicher Zäit eppes géint deen Déséquiliber ënnerholl, zu deem et an der Carrière moyenne bis ewell komm ass.

Dësen Déséquiliber huet bis dohin eenzeg an alleng um Niveau vun der Formatioun bestan an net um Niveau vun der Rémunératioun. Alleguer d’Carrièren aus der Carrière moyenne hunn ewell eng Formatioun BAC+, alleguer ausser de Redakteren. Et wier also einfach gewiescht fir den Equiliber tëschent dëse Carrièren nees hierzestellen.

Mä andeems d’Regierung enger Revalorisatioun vun der Schoulmeeschterscarrière zougestëmmt huet, huet se net nëmmen eng Lawin vu Gehaltsfuerderunge lassgetrëppelt mä zu gläicher Zäit eng onméiglech Situatioun an der Carrière moyenne geschaf.

Sécher d’Schoulmeeschtere sinn elo an der Carrière supérieure. Mä all déi aner Bachelore sinn ëmmer nach der Carrière moyenne, hätten awer och gären hiren Diplom unerkannt an deementspriechend rémunéréiert. An da bleift do nach eng Carrière déi weder d’Formatioun nach d’Rémunératioun vun deenen engen a vun deenen aneren huet: d’Redakteren.

An och d’Tatsaach dass d’Revalorisatioun vun de Schoulmeeschteren un en Eropsetze vun der Tâche gekoppelt ass, ka keen Argument si fir deenen aneren déi selwecht Revalorisatioun ze verweigeren.

Zum enge schaffen all des Beamte scho 40 Stonnen d’Woch, dofir suergt schonn d’Auer vum Horaire mobile an och d’Hierarchie an deeër se sech beweegen

(...)

Mä wou sti mir, d’Redakteren dann elo an dëser Situatioun ?

Mir hu kee Bachelordiplom dee mir kënne geltend maachen, nëmmen d’Fuerderung an d’Zukunft d’Redakteren um Niveau vun esou engem Diplom ze rekrutéieren. Ech ginn elo net nees eng Kéier op d’Argumenter fir en Eropsetze vun eiser initialer Formatioun an. Et ass definitiv alles gesot a geschriwwen, Dir kënnt et jo selwer an eisem leschten Inforum noliesen.

De Mémoire 2008: Gehaltsfuerderung

Mä kënne mir an dëser Situatioun wierklech Gehaltsfuerderunge stellen ?

A nees eng Kéier: Jo mir kënnen a mir mussen !

A mir hunn et och gemaach. An eisem Mémoire 2008 dee mir dem Minister Wiseler am Dezember zougeschéckt hunn hu mir dat och kloer beluecht.

D’Formatioun ass ee vun de Critèren deen an der Gehälterstruktur eng Roll spillt. Sécherlech e wichtege mä allerdéngs nëmmen ee vu villen.

An dofir justifizéieren ënner anerem d’Experienz, déi intellektuell a moralesch Qualitéiten, d’Responsabilitéit an d’Sujétions particulières largement eng Revalorisatioun vun eiser Carrière. Do dernieft däerf een déi verschidde Formatioune während dem Stage an och déi fir de Promotiouns-Examen, jo an iwwerhaapt d’Examen u sech net vergiessen. Dozou kënnt och nach eng obligatoresch Formation continue déi sech iwwer d’ganz Carrière erstreckt.

D’Gehaltsfuerderungen aus deem neie Mémoire si net nei. Si stame gréisstendeels aus dem Mémoire « Carrières hiérarchisées » deen d’AGC zesumme mat 15 aneren Associatiounen am Joer 2002 ausgeschafft hat. Déi deemools gefuerdert Carrièrestruktur ass allerdéngs un déi Virlag ugepasst ginn, déi d’Regierung am Kader vun der Revalorisatioun vun der Schoulmeeschterscarrière geliwwert huet.

Doraus ergëtt sech e Cadre ouvert mat de Graden 9, 10 an 11, souwéi e Cadre fermé mat de Graden 12, 13 a 14. Dat entsprécht plus ou moins deem wat och d’Schoulmeeschtere kritt hunn.

D’Posten am Cadre fermé sollen da vun 41 % op 60 % vum Effectif eropgoen, dat heescht 20 % fir all Grad. Des Tauxe si net mat den Hoer erbäi gezunn, mä déi gëtt ewell schonn an anere Carrièren.

D’Substitutiounsgraden solle sech och net méi op dee leschte Grade limitéieren, mä op all d’Graden am Cadre fermé ausgebreet ginn. Hei sinn haaptsächlech déi sougenannten « Postes techniques » betraff.

Als maximale Pourcentage fir d’Substitutiounsgraden fuerdere mir 30 % vum Effectif, woubäi 15 % fir den Endgrade reservéiert bleiwen. Déi aner 15 % kënnen op déi zwee aner Grade verdeelt ginn, falls e Beamten aus deem Grad op esou engem Poste à responsabilité affektéiert ass.

A tittre subsidiaire fuerdere mir an dësem Kontext, dass déi bestehend Limite fir d’Hors cadre Posten ofgeschaf gëtt, an dass ee säi Bisgrad behale kann am Fall vun engem Changement d’administration op een anere Poste à responsabilité.

A titre accessoire fuerdere mir en Avancement en traitement automatique an den éischte Grade vum Cadre fermé no spéitstens 15 Joer Déngscht, souwéi eng supplémentaire Biennal no der Réussite am Fin de stage, respektiv dem Promotiouns-Examen.

De Mémoire 2008: Carrière intermédiaire

Niewent eise Formatiouns- a Gehaltsfuerderungen huet eise Mémoire awer och nach en drëtte Volet an zwar de kategoresche Refus vun enger Carrière intermédiaire « Bachelor », dat heescht enger Devalorisatioun vun eiser eegener Carrière. Heimat wëlle mir eis Determinatioun ënnersträiche mat deeër mir eis géint esou eng Carrière wiere wäerten.

D´Gehältercommissioun

Den 20. Januar 2009 hate mir d’Geleeënheet an der Gehältercommissioun eise neie Mémoire ze presentéieren. De Minister war natierlech net dobäi, an dass deen Dag d’Revalorisatioun vun der Schoulmeeschterscarrière an der Chamber gestëmmt ginn ass war sécherlech puren Zoufall.

Mä fir vun deem Beamten deen eis an der Conciliatioun mat zyneschen an ironesche Remarque begléckt hat, fir vun deem Mann ze héieren dass d’Redakteren dem Ministère vun der Fonction publique immens um Häerz géife leien, dat huet eis dann awer e bëssen iwwerrascht. Dat gëllt allerdéngs och fir seng Ausso si géifen hiert d’Bescht maache, fir dass Redaktere bei der Gehälterrevisioun net vergiess ginn.

Dozou kann een nëmme soen : Affaire à suivre !


An domat kéim ech zum Schluss vu mengem Rapport d’activité. Et war dee leschten an dëser Legislaturperiod. De Walkampf kënnt esou lues an d’Rullen, a ween dann eisen nächsten Interlocuteur am Ministère vun der Fonction publique gëtt, dat steet nach an de Stären.

Wéi mir am Januar 2005 déi éischt Entrevue mam Minister Wiseler haten, du sot hie Folgendes:

« Och an Zukunft muss et nach méiglech si mat enger Première an d’Redakteschcarrière eran ze kommen ! ».

Mat dësem Saz gëtt net nëmmen eis Carrière à moyen terme futti gemaach, mä déi zukënfteg Primaner kréien och nach falsch Hoffnunge gemaach. Hinne gëtt virgegaukelt si kéimen och weiderhin an déi gutt al Redakteschcarrière, mat hiren Attributiounen a Responsabilitéiten an natierlech och mat der deementspriechender Pei.

A Wierklechkeet sinn dat eidel Verspriechen ! Eng wonnerschéi Verpakung, gefëllt mat waarmer Loft. Eng Mogelpackung! Ouni besser Formatioun verléieren d’Redakteren an Zukunft hir Attributiounen a Responsabilitéiten net nëmmen un d’Carrière supérieure, mä eventuell och nach un eng nei Carrière intermédiaire Bachelor.

D’Perte d’attributions ass schonn zënter Joren eng Tatsaach, deeër sech d’Regierung méi wéi sécher bewosst ass, mä déi se awer aus wellechem Grond och ëmmer einfach net wëll zouginn.

Deem nächste Minister vun der Fonction publique soe mir elo schonn dat hei:

No 30 Joer ass d’Moos definitiv voll. Et geet elo duer! A sollte mir des Kéier nees iwwergaange ginn, da wäerte mir eis mat alle Mëttel déi eis zur Verfügung sti wieren.

De Litige 2008 war eng gutt Generalprouf. Beim nächste Litige gi mir op d’Ganzt !

A wann drop ukënnt, wann et em d’Zukunft an de Bëstand vun eiser Carrière geet, da kënne mir mat Sécherheet op d’Solidaritéit, d’Ennerstëtzung an den Asaz vun all eise Memberen zielen.


Ech soen Iech Merci.